VW25% vun den Aarbechtsplaze sti bannent den nächsten 10 Joer um Spill

De Chef vu Volkswagen warnt virun ze strenge Klimaschutzbestëmmungen fir d'Autosindustrie, souwéi e Verloscht vun zéngdausende vun Aarbechtsplazen.

Sollt sech d'Europaparlament mat senger Fuerderung, d'CO2 Emissioune vun Neiween a Camionnetten ëm 40% ze reduzéieren, duerchsetzen, misst 2030 schonn d'Halschent vun den Autoen reng elektresch fueren, sou den Herbert Diess an engem Interview mat der Süddeutschen Zeitung. Mat dëser Vitess wier den Ëmbau vun der Flott awer bal net ze managen. Dee Moment missten a gutt 10 Joer, ongeféier e Véierel vun den Aarbechtsplazen an de Wierker vu Volkswagen, gestrach ginn. Ronn 100.000 Plaze wieren a Gefor. Dat géif awer och bei enger Reduktioun vu 35% net vill besser ausgesinn, betount de Chef vu Volkswagen. Op dëse Wäert hate sech en Dënschdeg hei zu Lëtzebuerg d'EU-Ëmweltminister gëeenegt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.