Nei ImmatrikulatiounenAutosmarché ass am September wéi erwaart agebrach

D'Zuel vun den Nei-Immatrikulatiounen an der EU ass am September däitlech agebrach. Am Verglach zum selwechte Mount zejoert gouf et e Réckgang vun 23,5%.

Dee Chiffer huet de Verband vun den europäeschen Automobilproduzente bekannt ginn.

Dëse Réckgang war erwaart ginn, nodeems d'Zuel vun den Nei-Immatrikulatiounen am August europawäit massiv an d'Luucht gaange war. Ausléiser dofir war d'Ëmstellung op en neien Test fir Ofgasen. Am August hate verschidde Produzenten nach am grousse Stil al Modeller op de Marché bruecht, deenen hir Emissiounen nach op Basis vun de viregten Normen getest goufen. Des Ween waren deelweis mat extrem héijen Remisen verkaf ginn. Domat war am August d'Zuel vun den Nei-Immatrikulatiounen ëm ronn 31% geklommen. Experten no soll sech d'Situatioun bis d'Enn vum Joer awer nees normaliséieren. Wat dann nach Diesel-Autoen betrëfft, ass deenen hir Zuel op de fënnef gréissten EU-Mäert, deemno Däitschland, Groussbritannien, Frankräich, Italien a Spuenien ëm 40% agebrach.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.