Däitschland / VolkswagenE puer Zéngdausend Proprietäre vun Dieselautoe wëlle kloen

Am Kader vun enger zivilrechtlecher Sammelklo, goufen den zoustännegen Affekoten no, bis ewell iwwer 4.000 konkret Demande registréiert.

Beim Verband vum däitsche Konsumenteschutz solle sech bis haut ronn 26.000 Interessente gemellt hunn.

Dat bedeit allerdéngs net, dass des Leit sech all der Sammelklo ralliéieren, déi den 1. November agereecht gëtt. Dofir musse sech d'Proprietäre vun Dieselautoen an en offizielle Regëster androen, deen da beim Bundesamt fir Justiz deposéiert gëtt.

D'Instrument vun der Sammelklo ass nei an trëtt op den 1. November a Kraaft. Des Zort vu Plainte soll et de Konsumenten erméiglechen, bei Prozesser géint Entreprisen méi einfach zu hirem Recht ze kommen. Dausende vu Proprietäre vu VW-Autoen, déi vum Diesel-Skandal betraff sinn, hunn domat Chance op Schuedenersatz. Jiddereen, dee vun November 2008 un en Diesel vun de Marken Volkswagen, Audi, Skoda oder Seat kaf huet, fir déi et eng Réckruffaktioun gouf, kënne sech un dëser Plainte bedeelegen.

Am September 2015 hat VW Manipulatiounen un Dieselmotoren mussen zouginn. Dausende vu Leit hu schonn op eege Fauscht geklot. Bis ewell goufen et schonn iwwer 6.000 Uerteeler.