Autotest vum 4. November 2018Jaguar I-Pace

Jaguar huet am Summer säin alleréischten Elektroauto lancéiert. De Serge Pauly huet den I-Pace an der Äifel probéiert.

Dir kennt dat bestëmmt. Wann een ze spéit op eng Party kënnt, da muss een sech schonn e bëssen ustrengen, fir nach iergendwéi den Uschloss ze kréien. Jaguar huet bis elo e grousse Bou ronderëm d’Hybrid- an Elektroparty gemaach. E bekannte Modell elektrifizéieren wier deen einfache Wee gewiescht, fir op d’mannst e Fouss an d’Dier ze kréien. Mä bei Jaguar wossten se wuel, dass hire Partyowend nëmmen da geléngt, wann se e komplett neien Auto konsequent ronderëm den Elektroundriff entwéckelen.

Den I-Pace ass e rengrassegen Elektroauto. Dat erméiglecht ongewinnte Proportiounen: e laange Radstand, e kuerze Capot. Dat erfuedert awer och eng extrem aerodynamesch Karosserie. Verschidde Formen erënnere vläicht un den Tesla Model X, mä do wou den Amerikaner grouss a flappeg wierkt, ass den Englänner éischter méi droteg. Och d’Spezialeffekter fale beim Jaguar méi diskret aus. Den I-Pace brauch keng Flilleksdieren fir futuristesch dohier ze kommen. Elektresch Diergrëffer, déi sech beim Zouspären an den Diere verstoppen, ginn him duer. De Partyoutfit ass spektakulär genuch fir e bëssen opzefalen, ouni awer dass zevill hannert dem Réck getuschelt giff ginn…

Bannendran: konsequent modern, ouni iwwerdriwwe groussen Écran. Eng sober Ambiance, mat e puer klenge Spillereie fir Technik-Nerds. Klima, Radio an esou weider ginn iwwert en neien integréierten Touchscreen gesteiert, dee meeschtens gutt funktionéiert.

Och wann den I-Pace no SUV ausgesäit, sëtzt een hei awer nach relativ niddereg. Ech war och iwwerrascht, wéivill Plaz een hannen huet. D’Beefräiheet geet an d’Rei, an iwwert dem Kapp huet een e grousse Panoramadaach. Esou gewënnt ee wichteg Zentimeter Kappfräiheet an et suergt fir eng lëfteg Ambiance. D’Batterie leien déif am Sous-Sol. An der Mall geet esou héchstens Plaz verluer fir d’Kabelen ze verstauen. A well en Elektromotor net esou grouss ass, bleift vir Plaz fir en zweet, klengt Gefaach.

Mä genuch vun deem langweilege Party-Smalltalk iwwert Mallen an Écranen. Et gëtt Zäit fir iwwert technesch Detailer ze schwätzen. Den I-Pace ka sech op senger Soirée net nëmme mat engem, mä (wéi den Tesla X) mat zwee Motoren bretzen. Ee vir, een hannen, allebéid d’selwecht staark: 200 Päerd an 350 Newtonmeter. Si ginn onofhängeg vunenee gesteiert. D’Resultat ass e performanten Allradundriff, wou d’Kraaft technesch onkomplizéiert an zimlech séier tëscht béiden Achse verdeelt gëtt.

Ee vun de Virdeeler, wann een den Auto quasi ronderëm den Elektroundriff baue kann. E weidere Virdeel: d’Batterie goufen an de Chassis integréiert, den nidderege Schwéierpunkt ass gutt fir d’Stroosselag. Den I-Pace fiert sech méi sportlech wéi een dat bei 2.2 Tonne menge kinnt. Ronderëm den Nürburgring, wou mir den I-Pace während engem Dag probéiere konnten, ginn et genuch flott Kéieren, fir déi dynamesch Qualitéiten ze genéissen. Mä bei Jaguar kennen se och net zauberen, ee klengen Hoken gëtt et, trotz Loftfiederung. En ass zimlech haart gefiedert. Virun allem op schlechte Stroosse ginn d’Passagéier schéin duerchgerëselt. An dobäi hat mäin Testauto nach déi kleng 20-Zoll-Rieder. Vun 22-Zoll giff ech hei definitiv ofroden.

Elektroautoe mussen nach ëmmer mat zwee Viruerteeler kämpfen. Si ginn éischtens net gutt genuch an zweetens net wäit genuch. Zum Thema Performance: de Sprint vun 0 op 100 ass a manner wéi 5 Sekonnen erleedegt. D’Elektronik bremst den Drang no vir eréischt bei Tempo 200. Elektresch fuere mécht Spaass. Elo bleift nach d’Fro fir wéi laang…

Een Dag Test geet net duer fir zouverlässeg Aussoen iwwert de Verbrauch an d’Autonomie. Jaguar versprécht 450 Kilometer. D’Héichrechnung no eisem kuerzen Test: 300 Kilometer si sécher méiglech, esouguer wann ee sportlech op Landstroossen ënnerwee ass. Bei gemittlechem Stop-and-Go an der Stad si 400 Kilometer net onrealistesch.

Wie mam I-Pace op der nächster Soirée optrompe wëllt, muss awer wahrscheinlech beim Cadeau spueren. Den Elektro-Jaguar kascht 76‘000 Euro Basis, no Optioune gären och 6-stelleg. Et sinn ähnlech Sphäre wéi den Tesla Model X. An deen huet bewisen, dass d’Clienten déi Suen och ausginn, virausgesat d’Party ass exklusiv genuch.

Jaguar I-Pace (04.10.2018)
Jaguar huet am Summer säin alleréischten Elektroauto lancéiert. De Serge Pauly huet den I-Pace an der Äifel probéiert.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.