Nei KontrollstatiounenWëlwerwolz verschwënnt, dofir Maarnech, Fridhaff a Jonglënster

Nieft Sandweiler an Esch wäert d'SNCT och um Fridhaff, zu Maarnech an zu Jonglënster e Standbeen kréien.

© RTL (Archiv)

Et ass e Méindeg d'Confirmatioun vum Nohaltegkeetsminister op Nouvellen, déi mer Iech ewell Ugangs September gemellt haten. Enn d'nächst Joer wäert et eng nei Kontrollstatioun fir Camionen an Autoen zu Maarnech ginn.

Als Konsequenz dovunner mécht de Gestionnaire SNCT d'Statioun zu Wëlwerwolz komplett zou, op deem Site sollen Wunnengen entstoen. Wéi de Minister Bausch preziséiert, sinn déi entspriechend Demarche bei der Gemeng am Gaangen.

Dat sinn awer net déi eenzeg Ännerungen, déi d'Leit aus dem Éislek dierften interesséieren, mä och d'Confirmatioun, dass d'SNCA vun 2020 un och an der neier Aktivitéitszon um Fridhaff ee Standbee wäert hunn.

Eng entspriechend Decisioun vum SNCA-Verwaltungsrot gouf et ewell viru Kuerzem, sou dass an de Gebailechkeeten um Fridhaff an engem décke Joer all d'Servicer, also d'Umeldungen an d'Demarche fir de Führerschäi wäerte regroupéiert ginn.

Et ass och en Übungsterrain fir d'Fahrschüler nieft dem zukünftege Gebai geplangt, da gëtt och deen zu Angelduerf  zougemaach.

An et kënnt nieft Sandweiler, Esch, Maarnech an dem Fridhaff nach eng fënneft Kontrollstatioun bei, an zwar an der Industriezone zu Jonglënster. All dëst äntwert de Minister op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Norddeputéierten Hansen a Schank. Net confirméiert gëtt iwwerdeem de Plang, datt och soll eng Kontrollstatioun nieft der N25 tëscht Heischent an dem Pommerlach entstoen.

Aktuell ginn et jo nach 2 Annexen fir schwéier Gefierer, dat zu Léiweng a Biissen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.