Nom déidlechen AccidentProvisoresche Radar vun e Mëttwoch un um Léierhaff

Den Transportminister hat et annoncéiert, elo ass op d'mannst schonn emol e provisoresche Radar um Léierhaff, ier ee Fixen installéiert gëtt.

© Olidom Multimedia

Lescht Woch e Mëttwoch koum et op der N12 tëscht Groussbus an der Hierheck zu engem schroen Accident. De Chauffer ass den Dag duerno am Spidol gestuerwen. A genee op där Plaz war schonn am Januar dëst Joer en trageschen Accident mat déidleche Suitten.

De François Bausch huet de Ponts et Chaussées, als Reaktioun op eng ganz Rei Virfäll op där Streck, domat beoptraagt, eng Rei Sécherheetsmesure laanscht d'Nationale 12 ëmzesetzen. Nieft dem Opriichte vun engem fixe Radar sollen och plazeweis Leitplanken um Léierhaff installéiert ginn.

Bis dee fixe Radar seng fest Plaz huet, steet bis op Weideres e provisoresche Radar op der Héicht vum alen Tipp. Ob e scho blëtzt, ass net gewosst.



Genee sou ee Radar stoung op der Streck tëscht Sëll a Bruch, wou et och schonn zu enger ganzer Rei trageschen Accidenter koum. De fixe Radar krut seng definitiv Plaz allerdéngs net op der Héicht vun der geféierlecher Kéier, mä e puer 100 Meter méi wäit bei Bruch. Dee leschten déidlechen Accident op der RN8 ass nach net esou laang hier. An der Nuecht zum 27. Oktober hat e 35 Joer ale Chauffer an der Kéier e Bam ze pake kritt.



Nach e mobille Radar an zwar zu Arel Richtung Gäichel. No der Kräizung, wou een op Frassem eriwwer ka fueren.