Magazin op der TéléPhenomen Rettungsgaass: Klappt dat mëttlerweil zu Lëtzebuerg?

Am Noutfall zielt all Sekonn. Wann d'Pompjeeë geruff ginn, dann heescht et net träntelen. All Sekonn ka Liewen retten.

Phenomen Rettungsgaass (08.11.2018)
Wéi gesäit et am Fall vun engem Stau op eisen Autobunnen aus, klappt mëttlerweil déi sougenannte Rettungsgaass?

Wéi gesäit et am Fall vun engem Stau op eisen Autobunnen aus, klappt mëttlerweil déi sougenannte Rettungsgaass? Wat huet sech geännert an deene leschte Joren? Weess den Automobilist iwwerhaapt wat eng Rettungsgaass ass?

Wéi verhält ee sech, wann een an e Stau kënnt? Vu wéi engem Moment u soll ee sech riets oder lénks areien a wie muss wouhi fueren, wann een op enger 3 Bunn ass?

Viru gutt 2 Joer hate mer schonn eng Kéier de Phenomen "Rettungsgaass" méi genee ënnert d'Lupp geholl. Deemools war et eng Problematik, déi wuel am Code de la Route festgehale war, awer nach net esou bekannt war beim Automobilist. Et stinn also Strofen drop, wann een de Wee net fräi mécht, soubal een an e Stau kënnt.

Verglach mat anere Länner, kënnt de Lëtzebuerger nach gutt bei der Saach ewech, an Éisträich bezilt ee 726 Euro Strof, a Slowenien 200 Euro. A Frankräich a Spuenien gëtt et kee Reglement an do bezilt een 135, respektiv 200 Euro.

RTL NEWS: Paul Hammelmann: Strofe bei Rettungsgaass net erop, ma Vitess kloer erof!

D'Beruffspompjeeën aus der Staat kennen d'Problematik, obschonn et scho sëllechen  Opklärungscampagne gouf, gesäit et leider nach ëmmer sou aus, wéi wann net all Mënsch den Hannergrond vun dëser, dach wierklech wichteger Reegel verstanen hätt. Eng Rettungsgaass gëtt net eréischt kreéiert, wann d'Ambulanz hannert engem steet.  

Ob Ambulanz, Samu, Läschwon, Police oder déi, déi fir d'Opraumaarbechten zoustänneg sinn, de Wee muss fréizäiteg accessibel sinn an och bleiwen. An awer mierken d'Pompjeeën, dass et nach Leit ginn, déi sech schwéier dinn, wann et méi wéi 2 Spueren gëtt.

No sëlleche Campagnen zesummen mat der Sécurité Routière, gesäit et haut leider esou aus, wéi wann net genuch drop reagéiert gouf. En anere Problem ass, dass et keng europäesch Direktiv gëtt, déi dat Ganzt an Europa reglementéiert.

Op verschiddenen Autobunne klappt et mat der Rettungsgaass besser wéi op aneren.

Am Endeffekt gëtt et eng Evolutioun, wat d'Rettungsgaass ugeet, awer et ass nach net esou agebiergert wéi et sollt sinn, ma hei nach eng Kéier am Resumé,  wat ze maachen ass, wann een an e Stau kënnt. Soubal een dëst mierkt, soll ee schonn ufänke sech no lénks, respektiv no riets anzereien, fir esou den Rettungsdéngschter de Wee fräi ze maachen.

Weider Informatiounen fënnt een op www.rettungsgasse.lu





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.