Vun Abrëll 2019 unGeriicht decidéiert Diesel-Fuerverbueter fir Köln a Bonn

D'Verwaltungsgeriicht zu Köln huet um Donneschdeg decidéiert, datt d'Stad Köln 2019 flächendeckend Fuerverbueter fir al Diesel-Autoe muss aféieren.

© AFP
Der Decisioun vum Geriicht no soll d'Verbuet vum Abrëll 2019 u gëllen an dat fir Autoe mat der Schadstoffklasse 4, vum 1. September 2019 u soll et och op Diesel-Autoe vun der Klass Euro 5 ausgebreet ginn. 

D'Verbuetszon soll sech un der grénger Ëmweltzon orientéieren.

Zu Bonn soll vum Abrëll 2019 un op verschiddene Strecken ee Verbuet gëllen. Beispillsweis fir de Belderberg an d'Reuterstraße. Hei sinn et virun allem Busser, déi zu héije Belaaschtunge bäidroen. D'Stadtwerke Bonn plangen hei, fir de Bussverkéier op Elektrobusser ëmzestellen, ma bis 2019 wäert dat net klappen.