Wéint Monster-Stau am RP IrgäertchenDe François Bausch schafft u Léisung fir Bus-Linnen

Op Twitter huet de François Bausch annoncéiert, datt hien wéint Problemer am R.-P. Irgäertchen un enger Léisung schafft, fir d'Bussen ëmzeleeden.

-Hei den Tweet vum François Bausch



Grond ass de Chantier vum sougenannten Turbo-Rondpoint, deen et an Zukunft den Automobilisten erméigleche soll, méi einfach a méi séier duerch de grousse Kreesverkéier ze kommen.

An enger éischter Etapp ass gekuckt ginn, fir d’Strooss a Richtung Sandweiler ze verbreeden, wann do alles gutt geet, soll déi Enn dës Joers am neien Zoustand opgoen. Op der Streck, déi dëse Weekend iwwer gespaart ass, gi Gäine geluecht fir d’Beliichtung a spéider och d’rout Luuchten, déi de Rondpoint steiere wäerten.

Den Deel hannert dem Centser Tunnel fir erof op de Rondpoint ass dee Punkt, wou et am Owestrafic, wéi och nees e Mëttwoch den Owend, net weidergeet. De Fait, datt et an der Lescht zu Situatioune koum, wou et bis op de Kierchbierg zréckgestaut huet, wier doduerch ze erklären, datt de Rondpoint sech selwer blockéiert hätt.

Mat de roude Luuchten, déi dat Ganzt an Zukunft reegel wäerten, soll dat net méi geschéien. Den Turbo-Rondpoint soll Enn 2019, respektiv Ufank 2020 fäerdeg sinn.

Op RTL Radio Lëtzebuerg ass et um Freideg de Moien eng Reportage iwwer de Sujet, wou d'Pont et Chaussées zu dësem Sujet ze Wuert kommen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.