VIDEO: IergäertchenSortie N°7 op der A1 a Richtung Gaasperech zou, Schantjen och op der A7

Vun e Freideg den Owend 21 Auer u bis e Sonndeg 23 Auer ass d’Sortie fir an de Rondpoint Iergäertchen zou, wann ee vum Kierchbierg aus kënnt.

Chantier Iergäertchen (16.11.2018)
Vun e Freideg den Owend 21 Auer u bis e Sonndeg 23 Auer ass d’Sortie fir an de Rondpoint Iergäertchen zou, wann ee vum Kierchbierg aus kënnt.
Grond fir de Chantier ass de Chantier vum sougenannten Turbo-Rondpoint, deen et an Zukunft den Automobilisten erméigleche soll, méi einfach a méi séier duerch de grousse Kreesverkéier ze kommen, ma nach ass et net sou wäit. D’Claudia Kollwelter huet mat Ponts et chaussées iwwert de Verlaf vum Chantier geschwat.

Chantier Iergäertchen / Reportage Claudia Kollwelter

An enger éischter Etapp ass gekuckt ginn, fir d’Strooss a Richtung Sandweiler ze verbreeden, wann do alles gutt geet, soll déi Enn dës Joers am neien Zoustand opgoen. Op der Streck, déi de Weekend iwwer gespaart ass, gi Gäine geluecht fir d’Beliichtung a spéider och d’rout Luuchten, déi de Rondpoint steiere wäerten. De Robert Biel vun Ponts et chaussées erkläert, dass een d'Bretellen, déi an de Rondpoint eraginn, méi breet mécht. D'Automobiliste musse sech da schonn, éier se an de Rondpoint erafueren, an déi richteg Spur areien an da gi si an d'Sortie guidéiert, déi se huele wëllen.

A genee deen Deel hannert dem Centser Tunnel fir erof op de Rondpoint ass dee Punkt, wou et am Owestraffik de Moment net weidergeet. Do kommen elo 4 Spuren hin, déi d'Leit dann, wa se gréng hunn, an enger Kéier duerch e Rondpoint kënne fueren, fir fort.



Spéider soll de Kreesverkéier d'nämmlecht funktionéieren, wéi den Turbo-Rondpoint um Kierchbierg. Den Irgäertchen féiert allerdéngs a béide Richtunge riicht an en Autobunnstunnel. An déi Tunnelle ginn mat un de System ugeschloss. Wann dann zum Beispill eppes am Tunnel Houwald wier, ginn direkt d'Luuchte rout an et gëtt een an eng aner Richtung guidéiert.

De Faite, datt et an der lescht zu Situatioune koum, wou et bis op de Kierchbierg zréckgestaut huet, wier doduerch ze erklären, datt de Rondpoint sech selwer blockéiert hätt. Dat duerch d'Verhale vun de Leit, wéi si am Rondpoint fueren. Et ass ëmmer vill Trafic op där Plaz zu der Spëtzestonn, ma hei hunn d'Automobiliste sech esou blockéiert, datt et net méi no hannen an net méi no vir gaangen ass.

Mat de roude Luuchten, déi dat ganzt an Zukunft reegel wäerten, soll dat net méi geschéien. Den Turbo-Rondpoint soll Enn 2019, respektiv Ufank 2020 fäerdeg sinn.

Monster-Stau am RP Irgäertchen: De François Bausch schafft u Léisung fir Bus-Linnen

Um Freideg de Moie koum vum MDDI iwwregens nach eng Invitatioun fir eng Pressekonferenz nächste Mëttwoch, iwwert de Schantje vum Rond-Point Robert Schaffner, dëst mam Minister François Bausch. 

PDF: D'Kaart am Detail

Schantjen op der A7 (Luerenzweiler - Miersch)
Vun e Freideg den Owend 10 Auer bis e Méindeg de Moie 6 Auer ass d'Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Miersch an dem Echangeur Luerenzweiler Richtung Süde gespaart. Och gespaart ass d'Bretelle vum Echangeur Miersch vun der N8 erfort an a Richtung vun der Jonctioun Gréngewald.  

D'Deviatioun geet iwwert d'N7 duerch Miersch, Rolleng a Lëntgen.

Well d'Preparatiounsaarbechte schonn e puer Stonne virdrun ufänken, dierft et am Feierowendtrafic schonn zu Perturbatioune kommen.



PDF: Kaart mat der Deviatioun vun der A7 / N7

Offiziellt Schreiwes


Chantier sur l'autoroute A7 (16-19.11.2018)
Communiqué par: Administration des ponts et chaussées

L'Administration des ponts et chaussées procédera à un chantier relatif à la mise en place de sondes de détection dans le tunnel Mersch sur l'autoroute A7 entre l'échangeur Mersch et l'échangeur Lorentzweiler à partir du vendredi 16 novembre 2018 vers 20 heures au lundi matin 19 novembre 2018 vers 6 heures.

Barrages et déviations:
À partir du vendredi 16 novembre vers 20 heures au lundi 19 novembre vers 6 heures le barrage suivant est mis en place:
• l'autoroute A7 entre l'échangeur Mersch et l'échangeur Lorentzweiler en provenance de Friedhof et en direction de la jonction Grünewald;
• la bretelle d'accès de l'échangeur Mersch en provenance de la N8 et en direction de la jonction Grünewald.

Le trafic en provenance de la N8 (Mersch) et en direction de la jonction Grünewald (A7) est dévié via la N7 jusqu'à l'échangeur Lorentzweiler de nouveau sur l'autoroute A7.

Le trafic en provenance de Friedhof (A7) et en direction de la jonction Gründewald (A7) est dévié à partir de l'échangeur Mersch via la N8 et N7 (Mersch) jusqu'à l'échangeur Lorentzweiler de nouveau sur l'autoroute A7.

Les travaux préparatifs nécessaires à la fermeture de l'autoroute étant exécuté quelques heures au préalable, des perturbations du trafic sont attendues en début de soirée. L'axe principale de l'autoroute A7 en direction de la jonction Grünewald est barrée vers 20 heures en date du 16 novembre 2018.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.