VIDEO: Upps, mäin Auto ass fortËmmer méi "keyless" Autoen och zu Lëtzebuerg geklaut

München, Bréissel, Manchester, Lëtzebuerg. Op ville Plaze an Europa ginn aktuell Autoe geklaut, déi mam "keyless" System equipéiert sinn.

Keyless Autoen ëmmer méi geklaut (23.11.2018)
Aktuell ginn a ganz Europa an och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Ween mat dem "keyless" System geklaut.

De 'Modus Operandi' ass ëmmer dee selwechten. D'Täter observéieren en Haus, virun deem ee sougenannte "Premium"-Won steet. Nuets, schloe se zou. An dat ouni weder an d'Haus nach an den Auto anzebriechen. Mat spezifeschem Material gëtt d'Codéierung vum Schlëssel op Distanz ofgelies a weider geleet. Den Auto gëtt Blëtz-Séier opgemaach an d'Täter si fort.

An Europa ginn aktuell déi deier Ween geklaut, wéi Audi, BMW, Mercedes, Porsche oder och Land Rover. Dacks gesäit et aus, wéi op Bestellung. Och wann déi Gefierer méi dacks geklaut ginn, sinn awer potentiell all d'Marke betraff, respektiv all Gefier, wat e "keyless" System benotzt. D'Bande ginn dobäi ganz professionell an organiséiert vir, dacks si se zu méi, wéi dat en Test vum däitschen ADAC gewisen huet.

Wann den Auto da bis fort ass, ass et ganz schwiereg, fir säi Gefier erëmzekréien. Wat dobäi hëllefe kann ass en "Traquer", also en zousätzleche System, deen den Auto erëmfanne kann. Ëm déi 700 Euro kascht dat hei zu Lëtzebuerg plus dann nach eng Kéier 180 Euro am Joer fir d'Abonnement.  Vill Assurancen erkennen dëse System dann och un an deelweis gëtt vun hinnen esouguer verlaangt, deemno wéi een Auto ee keeft, fir dat esou d'Gefier mat engem "Traquer" ausgerëscht gëtt.

De Problem vum "keyless" Auto ass ville Constructeure bekannt an et gëtt dru geschafft, fir en ze léisen. Fir awer op Nummer sécher ze goen, kéint een säi Schlëssel an Aluminium Pabeier apaken oder, wat méi ëmständlech ass, grad an der Nuecht d'Batterie aus dem Schlëssel erauszehuelen. Et kritt een dann och speziell "Schutzhüllen" fir de Schlëssel ze kafen, déi sinn op alle Fall besser, ewéi näischt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.