Firmesue verontreitCarlos Ghosn weist Uschëllegunge vu sech

De fréiere Chef vun Nissan-Renault gouf a Japan verhaft, well hie Sue verontreit an och net seng ganz Pai beim Steieramt ugi soll hunn.

© AFP

De Carlos Ghosn weist der japanescher Press no all Virwërf géint hie vu sech. Wéi et heescht, hätt de verhafte fréiere Chef vum Verwaltungsrot vun Nissan virun den Enquêteuren ausgesot, datt hien net d'Intentioun hat, fir a Finanzdokumenter eng ze niddreg Pai unzeginn. Bis ewell huet sech de Ghosn net zu de Reprochen an der Ëffentlechkeet geäussert.

Dem Geschäftsmann, deen och Chef vu Renault ass, kritt virgehäit, Firmegelder fir privat Zwecker benotzt ze hunn a seng Pai jorelaang just hallef sou héich uginn ze hunn, wéi se eigentlech war. Hie war e Méindeg zesumme mam fréiere Manager vun Nissan festgeholl ginn.