Affär GhosnD'Allianz tëscht Renault an Nissan steet op der Kipp

D'Allianz mat de Fransousen, zu där och de Produzent Mitsubishi gehéiert, wier net gläichberechtegt, sou de Reproche vun Nissan.

No der Arrestatioun an der Entloossung vum Top-Manager Carlos Ghosn, wëll de japaneschen Autosproduzent d'Zesummenaarbecht mam franséische Konzern Renault op de Préifstand stellen. Dat soll de Chef vun Nissan duerchblécke gelooss hunn, wéi japanesch Medien um Méindeg de Moie mellen. D'Allianz mat de Fransousen, zu där och de Produzent Mitsubishi gehéiert, wier net gläichberechtegt. Dat soll de Chef vun Nissan während engem Gespréich mat de Beschäftege gesot hunn.

De Carlos Ghosn, dee weiderhi President vum Verwaltungsrot vu Renault ass, war den 19. November verhaft an d'lescht Woch en Donneschdeg vun Nissan wéinst Korruptiounsvirwërf entlooss ginn.