Trump extrem rosenGeneral Motors sträicht ronn 14.700 Plazen an Nordamerika

Den US-Automobilkonzern General Motors wëll seng Produktioun an Nordamerika zeréckschrauwen. 14.700 Plaze gi gestrach an e puer Wierker zougemaach.

© AFP

Nodeems den Autoskonstrukteur annoncéiert huet dausende vun Aarbechtsplaze wëllen ze sträichen an direkt e puer Wierker zouzemaachen, huet den Donald Trump an engem Interview mam Wall Street Journal mat grousser Roserei op dës Annonce vum Management reagéiert a mat Konsequenze gedreet. Hie géif all déi staatlech Hëllefe fir GM iwwerpréiwe loossen an deemno wéi sträichen, dorënner déi fir Elektroautoen, sou den US President op Twitter. Hie wier vun de Pläng vun General Motors extrem enttäuscht.

Wat déi geplangte Fermeture vun engem grousse Standuert am Bundesstaat Ohio betrëfft, sot den Donald Trump, dass General Motors hei ganz séier eng nei Fabrick sollt opmaachen. Hien hätt der Cheffin vun GM gesot, dass si ee Problem hätt, sollt d'Wierk effektiv zougemaach ginn. Weider hätt hien de Management vun General Motors opgefuerdert d'Autosproduktioun a China ze stoppen. Den Donald Trump huet am Interview betount, dass d'USA vill fir GM gemaach hätten. Et wier een deemno an der Lag groussen Drock op de Konzern mat Haaptsëtz zu Detroit ze maachen.

De Konzern huet annoncéiert, déi national Produktioun erofzeschrauwen an dowéinst Personal ze entloossen , souwéi verschidde Wierker zouzemaachen.