Colmer-BiergDe "Centre de Formation pour Conducteurs" gëtt ausgebaut

Bei déi 85.000 Metercarré a 5 Pisten, déi aktuell zur Verfügung stinn, kommen elo nach emol 35.000 Metercarré an zwou Pisten dobäi.

Eng dovunner ass e Parcours mat ville Kéieren, dee virun allem der Formatioun vun de Motocyclisten ze gutt kënnt. Déi zweet nei Pist gläicht deenen, déi elo schonn do sinn. Also e Parcours mat engem Belag, op deem een eng manner gutt Haftung huet a verschidden Obstakelen aus Waasser sinn.

Colamr-Bierg gëtt ausgebaut - Reportage Dany Rasqué

Den Transportminister François Bausch haut en Dënschden de Grondstee geluecht an d'Aarbechte sollen am Laf vum nächste Joer ofgeschloss ginn.

Duerno kënnen dann eng 60 Leit den Dag zu Colmer-Bierg passéieren, den Ament sinn et der 40.

Zënter der Ouverture virun 22 Joer sinn iwwregens méi wéi 120.000 Automobilisten a knapp 13.000 Motocyclisten do op d'Geforen am Stroosseverkéier sensibiliséiert ginn.

PDF: Dat offiziellt Schreiwes (version française)

PDF: Dat offiziellt Schreiwes (deutsche Version)

Konkret ass virgesinn, datt bei déi 85.000 Metercarré, déi aktuell do sinn nach emol 35.000 Metercarré dobäi kommen.

Et kommen zwou nei Piste bei déi 5, déi elo schonn do sinn. Eng Fuersécherheetspist, déi identesch mat deenen aktuellen ass an eng déi méi spezifesch fir Motocyclisten ass. D'Aarbechte sollen Enn d'nächst Joer ofgeschloss ginn an den Investment leit bei gutt 3 Milliounen Euro.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.