Visioun vum Donald TrumpAll Autosproduzente sollten an den USA produzéieren

Spëtzevertrieder vun der däitscher Automobilindustrie goufe vum US President Trump zu Washington empfaangen.

Virum Hannergrond vun eventuelle Stroftaxen op europäeschen Autosimporter goufe Spëtzevertrieder vun der däitscher Automobilindustrie vum US President Trump zu Washington empfaangen.

D'Autoskonstrukteuren hunn de Verlaf vun de Gespréicher am Wäissen Haus en Dënschdeg als positiv bezeechent. Vu Säite vum Wäissen Haus huet just geheescht, dass den Donald Trump seng Visioun presentéiert hätt, deemno alleguerten d'Autosproduzente sollten an den USA produzéieren. Dem amerikanesche President ass den héije Volume vun däitschen Autosimporter an d'USA een Dar am Aen. Si si senger Meenung no den Haaptproblem fir den héijen Defizit vu sengem Land am Wuereverkéier mat Däitschland. Dem Trump seng Menace mat Stroftaxen op EU-Autosimporter huet viru allem déi däitsch Konstrukteuren am Viséier.