VIDEO-ReportageElektro-Trottinett als Ersatz fir den Auto?

Eng Elektro-Trottinett - haut eng vu ville Méiglechkeeten, sech vum Busarrêt, dem Tram oder der Parkplaz bis bei d’Aarbechtsplaz ze beweegen.

Elektro-Trottinett als Ersatz fir den Auto? (05.12.2018)
Eng Elektro-Trottinett. Haut eng vu ville Méiglechkeeten, sech vum Busarrêt, dem Tram oder der Parkplaz bis bei d’Aarbechtsplaz ze beweegen.

Et geet séier, ass relativ einfach an der Manipulatioun a mécht et e gutt Stéck méi bequem, sech ze beweegen. Dat ass wuel och mat ee vun den Haaptgrënn, firwat sech ëmmer méi Leit fir esou eng Aart vun der Fortbeweegung interesséieren. Hat ee fréier eng Autonomie vu knapps 10 Kilometer, ass dat mat moderner Batterietechnik an deene leschten 2 Joer richteg explodéiert. Eng modern Elektro-Trottinett huet iwwer 50 Kilometer Autonomie a weit manner wéi 15 Kilo. Dowéinst huet de Lëtzebuerger Marché sech an deene leschte Joren och staark entwéckelt.

Eng wichteg Fro, déi sech awer bei all deene Fortbeweegungsmëttel stellt, ass, wou dierf ech iwwerhaapt dermat fueren? U sech gëlle fir all déi elektresch Fortbeweegungsmëttel, déi net méi séier, wéi 25 Kilometer an der Stonn fueren, déi nämmlecht Reegele wéi fir ganz normal Vëloen.

  • Se muss eng rout Luucht hannen an eng wäiss Luucht vir hunn.
  • E gielen oder roude Réckstraler muss gutt siichtbar hanne festgemaach sinn.
  • D'Bremse mussen un d'Maximalgewiicht ugepasst sinn.
  • D'Maximalvitess ass 25 Kilometer an der Stonn.
  • Se dierf just op der Strooss an der Vëlospist fueren a brauch net bei der SNCA ugemellt ze ginn.

Ëmmer méi dacks gesäit een och esou genannten E-Skateboards op der Strooss fueren. Mat deenen ass et de Moment awer ganz kloer verbueden, iwwert d’Strooss, den Trëttoir oder d’Vëlospist ze fueren.

Wëll ee sech elo esou ee Fortbeweegungsmëttel kafen, dann ass et wichteg, dass ee genau weess, wou een et benotze wëll.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.