FOTOEN a VIDEOMam Automag iwwert den Transfagarasan Highway

Den Transfagarasan gehéiert zu de spektakuläerst Stroossen an Europa.

Op Invitatioun vu Mazda konnt den RTL-Automag dës legendär Serpentinnen a Rumänien entdecken.

Et kann engem schonn e bëssen onheemlech ginn, moies fréi, wann den Niwwel nach tëscht de Bierger hänkt. Kee Wonner, dass déi sëlleche Legenden a Geschichte ronderëm den Dracula grad hei spillen. Mir sinn an den transsylvaneschen Alpen, net wäit ewech vun der Lëtzebuerger Partnerstad Sibiu, op enger Strooss, déi op d’mannst grad esou berühmt-berüchtegt ass wéi de bekannte Grof. Mir sinn um Transfagarasan Highway (op rumänesch: "Transfăgărășan").

Mazda MX5 Facelift (30.11.2018)
Mazda huet sengem MX5 méi Leeschtung spendéiert. De Serge Pauly huet mam 184PS-Roadster déi legendär rumänesch Strooss "Transfagarasan" entdeckt.

Dës Strooss ass am ganzen 150 Kilometer laang. Mir interesséieren eis awer virun allem fir déi 30 spektakuläerste Kilometer ronderëm de Sommet. Et sinn 30 Kilometer, wou eng Kéier no där anerer kënnt. Et geet héchstens 300 Meter um Stéck riicht aus, da "muss" ee scho fir d’nächst um Steierrad dréinen. D’Vue ass spektakulär. Net nëmmen déi schroff Bierger ronderëm si beandrockend, mä och déi ganz Konstruktioun vun der Strooss. Mir hunn net nogezielt, mä d’Strooss geet iwwert knapp 900 Brécken a Viadukter. Et ass wuel dat, wat een eng Meeschterleeschtung vun den Ingenieuren nennt.

Den Transfagarasan Highway ass haut eng Touristenattraktioun. Am Summer passéieren hei 8.000 Gefierer, respektiv 20.000 Leit pro Dag! Mä wou d’Strooss Ufank vun de 70er Jore gebaut gouf, war et virun allem eppes: eng verréckten Iddi vum rumäneschen Diktator Nicolae Ceaușescu. An Zäite vum Kale Krich a vun interne Spannungen am Ostblock huet hien erkläert, dës Strooss wier aus geostrategesche Grënn wichteg. D’Strooss gouf also bannent véier Joer vun Zaldote gebaut, déi awer keng Erfarung am Stroossebau haten an och net am Ëmgang mat Dynamit geüübt waren. Offiziell gëtt nëmme vun e puer Dosen Affer geschwat, inoffiziell wieren awer e puer honnert Aarbechter um Transfagarasan-Chantier ëm d’Liewe komm.

Och wann de Kommunismus an d’Eskapade vum Ceaușescu haut Geschicht sinn, ginn et nach Iwwerreschter aus dëser Zäit. Ganz uewen um Pass steet d’Cabana Palteanu. E Chalet mat Restaurant an e puer Zëmmer. Mir begéinen do de Marius Olariu. Hie bedreift dësen Hotel, dee fréier de private Juegdchalet vum Ceaușescu war. D’Zëmmer Nummer 1 ass nach am Originalzoustand wéi deemools. Wie wëllt, kann esouguer eng Nuecht am Bett vum Diktator verbréngen.

De Marius Olariu erzielt eis, dass hien den Transfagarasan sécher schonn 2.000 Mol erop an erof gefuer wier. An nach ëmmer wier hien dovunner beandrockt. "D’Landschaft an d’Leit hei sinn einfach eemoleg".

LINK: Den Automag um Radio

LINK: Radio-Reportage iwwer den Transfagarasan Highway

LINK: Den Autotest vum Mazda MX5 Facelift op RTL Télé Lëtzebuerg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.