Gratis ëffentlechen TransportWorld Economic Forum: Lëtzebuerg ass weltwäit e Virreider

Lëtzebuerg ass dat éischt Land op der Welt, dat den ëffentlechen Transport komplett gratis ubidde wëll. Dat vum nächste Summer un.

Wéi et am Tweet vum "World Economic Forum" heescht, hätt de Grand-Duché ee vun de schlëmmste Stau-Tauxe weltwäit. Wat vill Automobilisten, déi dagdeeglech hei am Land vun A op B fueren, ganz sécher mat 2 Hänn ënnerschreiwen. Wéi weider aus dem Tweet ervirgeet, géifen eleng d'Pendler Sondagen no bal 33 Stonnen d'Joer am Stau hänken, just bei eis am Land.



Mam gratis ëffentlechen Transport wéilt een dem Chaos op de Lëtzebuerger Stroossen de Kampf usoen an donieft nach fir méi eng propper Loft suergen.

Dësen Tweet ass och eisem Transportminister François Bausch net entgaang an et ass och dofir net verwonnerlech, dass hien de Message liked an deelt.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.