François BauschDiesel gëtt net extra besteiert an et gëtt kee Fuerverbuet fir Diesel agefouert

Dat huet de grénge Mobilitéitsminister e Mëttwoch wärend de Chamberdebatten iwwert d’Regierungserklärung betount.

De François Bausch huet erkläert, datt eng Rei aner Mesuren virgesi wieren am Accord, fir déi schiedlech Emissioune vum Fuerpark méiglechst séier erofzesetzen.

Interview mam François Bausch


Fir de Verbrauch vun Diesel ze reduzéieren, well de grénge Mobilitéitsminister do virufueren, wou en opgehal huet:

A) den ëffentlechen Transport ausbauen
B) den Abattement vu 5.000 Euro fir Elektroautoe soll e Subside ginn fir Elektromobilitéit
C) de Leasing soll adaptéiert ginn, Leasingpläng erméigleche grouss Firmen hire Cadren amplaz Salaire, dee besteiert gëtt, en Auto ze ginn, deen steierlech begënschtegt ass. Ënnert dem Stréch gewanne Cadren esou, wa se en décke Auto huelen.

Duerch e Mesurë wier de Verkaf vun Dieselautoen dann och schonn zeréckgaangen.

Fuerverbueter an Däitschland wieren op den europäesche gesetzleche Kader zeréckzeféieren, dee virgesäit, datt de Staat oder d'Gemengen, wann e gewëssenen Niveau vun Emissiounen erreecht gëtt, eppes musse maachen, sou nach de François Bausch.

Wat d’Besteierung vu Sprit ugeet: Dat betrëfft jo Diesel a Bensin. Do haten den Energieminister an de Finanzminister déi lescht Deeg op RTL deklaréiert, d’Accisen um Sprit an um Tubak géingen ëm 1, 2 oder 3 Cent de Liter am Laf vum nächste Joer an d’Luucht goen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.