FOTOEN - Chantier E4112 Spuren op, awer och 2 nei Radaren an Direktioun Lëtzebuerg

Well et de Moment ze kal ass, fir en neie Belag op der E411 tëscht Arel a Sterpenich ze leeën, ass de Chantier ënnerbrach ginn.

An de leschte Méint ass keen Dag vergaangen, wou et wéinst dem Chantier op der E411 net am belsche Grenzberäich gestaut huet. Vun en Donneschdeg u dierft d'Freed bei villen Automobilisten deementspriechend grouss sinn, d'Streck an Direktioun Lëtzebuerg ass op 2 Spuren accessibel.

D'Aarbechten, déi nach bis den Abrëll 2019 sollen daueren, sinn allerdéngs nach net ofgeschloss, se goufe just wéinst der Meteo ënnerbrach, well et de Moment ze kal ass fir en neie Belag ze leeën.

E411 ass op (13.12.2018)
Wéinst der Keelt kann aktuell net op der Autobunn geschafft ginn.


© Olidom Multimedia


2 Radaren an Direktioun Lëtzebuerg
D'Freed iwwert déi 2 Spuren huet en negative Bäigeschmaach: Zwee Radare goufen op der E411 an Direktioun Lëtzebuerg opgestallt, op enger Plaz, wou duerch de Chantier nach eng Vitesslimitatioun vun 90 Stonnekilometer ass a wou, grad elo, wou béid Fuerbunne nees op sinn, ee versicht wier e bësse méi séier ze fueren. 

Deen éischte Radar begéint ee ronn 8 Kilometer virun der belsch-lëtzebuergerscher Grenz, deen Zweeten kënnt knapp 4 Kilometer hannendrun. Opgepasst, allen 2 si schonn aktiv!

Wisou grad 2 Radaren op esou enger kuerzer Streck placéiert goufen, wollt RTL bei den zoustännegen Autoritéiten nofroen. Déi hunn awer nach net op eis Ufro reagéiert.

© Olidom Mulimedia