VIDEOEN A FOTOEN - E Schëld suergt fir FroenJust fir Noutfäll, wa kee Salz oder keng Leit dispo sinn

Bis elo hätten d'Ponts et Chaussées Stroossen, déi wéinst Schnéi a Glatäis net méi ze fuere waren, mat Barrièrë gespaart, Schëlter wieren awer méi sécher.

E wäisst Schëld mat roudem Bord an ënnendrënner steet "en cas d'enneigement et de verglas". Spéitstens zënter den RTL- Reportagen e Méindeg den Owend an en Dënschdeg de Moien suergt dat fir vill Diskussiounen. Verschidde Gemenge bekloe sech, datt déi Schëlter opgeriicht goufen, ouni datt mat hinne geschwat gouf, a vill Automobiliste froe sech, wat een hinnen domadder wëll soen a wéi d'Strooss muss ausgesinn, fir datt een duerf driwwer fueren - oder eben net ...

Schnéi an Äis: Rep. Dany Rasqué



Wéini een net dierf driwwer fueren, dat konnt en Dënschdeg keen eis esou richteg soen - um Schëld steet, am Fall wou Schnéi läit an et glat ass.

Heescht dat, datt béid Konditioune mussen erfëllt sinn, fir datt just nach Riverainen a Fournisseuren iwwert déi Strooss dierfe fueren? Wéi vill Schnéi muss leien? Geet e Flom duer oder muss d'Strooss komplett wäiss sinn?

A virun allem stellt sech d'Fro, wou déi Schëlter elo op eemol hierkommen. Den Direkter vu Ponts et Chaussées, Roland Fox, betount, datt hei keen neit Reglement applizéiert gëtt, mä eent aus dem Joer 2007: "Dat war well mer 2006 eng Penurie am Salz haten an do net op all Strooss konnten de Wanterdéngscht assuréieren. Zënterhier ass 2013/2014 dat Reglement à jour gesat ginn, sou datt mer am Fong geholl eis Penurie am Wanterdéngscht, wann se géing opdauchen, och op eng reglementaresch Basis gesat hunn."

Schëlter virun allem fir Noutfäll (18.12.2018)
Aus der Siicht vu Ponts et Chaussées si Schëlter méi sënnvoll wéi Barrièren - a se solle just bei Penurië gëllen ...


Wann also elo net genuch Salz do wier fir ze streeën oder net genuch Leit, fir de Wanterdéngscht z'assuréieren, géifen als éischt déi Stroossen net propper gemaach ginn, wou esou e Schëld steet, mä wéi gesot just am Noutfall.

"Am Prinzip hu mer all eis Tournéeën esou definéiert, datt de ganze Reseau traitéiert gëtt, mä wann elo eng Penurie - wéi zum Beispill déi mam Salz - géif kommen, da géinge mer déi hei Stroosse prioritär net traitéieren."

Sou war dat och schonn déi lescht Joren, allerdéngs stoungen do ëmmer Barrièrë mat "Route Barrée" op deene betraffene Stroossen an elo sinn et déi ronn Schëlter. Dat schéngt dem Direkter vu Ponts et Chaussées wuel méi praktesch an och méi sécher ze sinn, wéi punktuell Barrièren opzeriichten:

"Also mer haten Tronçonen, do si Barrièrë gestallt ginn an d’Leit hu se ewech geholl. Wa mer elo solle punktuell d'Barrièrë setze goen, wa kee Salz méi do ass, a mir hu Leit, fir d’Barrièrë kënnen ze setzen, ass dat kee Problem; wann elo zum Beispill, komm mir soen emol et géing eng Grippenepidemie kommen an eis Leit wieren net méi disponibel, dann hätte mer och keng méi, fir d'Schëlter setzen ze goen."

Aus dem Ministère fir Mobilitéit an Travaux publics heescht et, datt iwwerpréift gëtt, ob een aus "en cas d'enneigement et de verglas" net "en cas d'enneigement ou de verglas" soll maachen, datt och gekuckt gëtt, ob d'Schëlter op all deene Plazen, wou se stinn, Sënn maachen an datt déi zwee an der Géigend vum CGDIS-Gebai tëschent Hesper a Konter ewechgeholl ginn.

© Olidom Multimedia


RTL-Reportagë vum Méindeg den Owend an Dënschdeg de Moien
E ronnt wäisst Schëld mat engem roude Bord an drënner: ''en cas d'enneigement et de verglas'' - am Fall vu Schnéi a Glatäis däerf een net op dës Strooss fueren. Dëst Schëld gouf déi lescht Woche vun de Ponts et Chaussées op verschiddene Plazen am Land opgestallt. An et huet doropshin hei an do fir Konfusioun bei Bierger a Gemengeresponsabel gesuergt. Virun allem wéi leschte Samschden du Schnéi gefall war.

Streedéngscht/Reportage Pierre Jans



Hiren Telefon an hir Messagerie wären deen Owend bis spéit an d'Nuecht op Héichtoure gelaf, erkläert d'Konter Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet. Ëmmerhin si 6 Stroossen, déi um Terrain vun der Gemeng Contern leien, concernéiert: "Mir woussten als Gemeng guer näischt. Dat ass am Fong eise gréisste Problem. Mir kréien do eppes higestallt a mir ginn net informéiert. Dann hu mir de ''Ramba-Zamba'' an der Gemeng, wat normal ass: d'Leit wëllen normal op d'Aarbecht fueren. A wann se dat Schëld gesinn, ruffen se natierlech op d'Gemeng un. Dat ass normal."

Och den CSV-Parteikolleg vum Marion Zovilé-Braquet an Deputé-Maire vun der Nopeschgemeng Hesper, de Marc Lies, war erstaunt iwwer déi nei Schëlter. Zum Beispill um Chemin repris 226 tëscht Hesper a Konter, steet esou e Schëld: "Och eis nei Pompjeeskasär ass op dëser Strooss. Wéi ass et da wann en Accident gemellt gëtt. Dierfen eis Meedercher a Jongen da fueren oder wéi ass dat? Wéi stellt sech generell d'Fro vun der Responsabilitéit respektiv vun der Versécherung?"




All dës Froen huet de Marc Lies dem zoustännege Minister François Bausch den 11. Dezember an enger parlamentarescher Fro gestallt a waart elo op eng Äntwert. Op Nofro hunn d'Ponts et Chaussées kommunizéiert, am Prinzip hätt sech zanter dem groussherzogleche Reglement vun 2014 näischt geännert. De Pressespriecher Ralph Di Marco: "Do ass d'Decisioun geholl gi fir eng Rëtsch Stroossen – et sinn der Ronn 30 – net méi prioritär ze streeën. Et handelt sech ëm Stroossen déi net esouvill befuer sinn a wou och den Accès relativ komplizéiert ass. Déi ginn eben eréischt méi spéit, oder guer net gestreet."

Bis ewell hätten d'Ponts et Chaussées Stroossen, déi wéinst Schnéi a Glatäis net méi ze fuere waren, mat Barrière gespaart. Elo stinn ebe permanent Schëlter do. E konkrete Grond firwat dat Reglement grad elo an d'Praxis ëmgesat gëtt, huet de Ralph Di Marco net genannt. Mat Personalmanktem hätt dat net direkt ze dinn: "Dat ass ganz einfach aus deem Grond, well déi mobil Barrièrë ganz oft ëmgestallt gi vu Leit. Dat heescht, dann hu mir erëm missen erausfueren, se richteg stellen. Wärend der Zäit sinn awer Leit duerchgefuer well d'Barrière net gutt stoung. Fir e méi geréngen Aarbechtsopwand fuere mer elo mat Schëlter."

Interview mam Ralph Di Marco vu Ponts et Chaussées (17.12.2018)
Fir d'Leit soll sech am Prinzip näischt änneren.


Fir d'Gemengeresponsabel vu Konter an Hesper ass et awer kloer, dass den zoustännege Minister präziséiere misst, wéini genee d'Verbuet um Schëld spille géif. Am Wëssen, dass d'Wanterméint zu Lëtzebuerg net déi uergste sinn.

Konfusioun bei Streedéngscht (17.12.2018)
E Schëld suergt fir eng Partie Froen


PDF: Règlement ministériel du 18 novembre 2013 concernant la réglementation temporaire de la circulation sur diverses voies étatiques des cantons de Remich, Mersch, Luxembourg et Wiltz en cas d’enneigement et de verglas.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.