-37,5% bis 2030EU huet méi scharf CO2-Grenze fir Nei-Autoen decidéiert

Den erlaabte Kuelendioxid-Ausstouss vun Neiween soll bis 2030 ëm 37,5 Prozent erofgoen.

Am Sträit ëm nei CO2-Grenzwäerter fir Autoen, hunn d'EU-Länner an d'EU-Parlament ee Kompromëss fonnt. D'Emissioune vun neie Ween solle bis 2030 ëm 37,5% am Verglach mat de Wäerter aus dem Joer 2021 erofgesat ginn. Dat huet d'EU Kommissioun e Méindeg den Owend bekannt ginn. D'CO2-Emissioune vu Camionnette solle bis dohin ëm 31% reduzéiert ginn.

Als Tëschenetappe gëtt bis 2025 eng Reduktioun vu 15% souwuel fir Autoen wéi och fir Camionnette festgeluecht. Den zoustännegen EU-Klimakommissär Miguel Cañete huet den Accord begréisst a vun éiergäizegen Ziler geschwat. Wéi et heescht, géif d'Europäesch Unioun domat hir Determinatioun ervirsträichen, de Paräisser Klimaschutzaccord ëmzesetzen.

D'Reaktioun vun der Automobilindustrie an Däitschland huet net laang op sech waarde gelooss. Si hunn déi nei Direktiven als iwwerdriwwen an onrealistesch bezeechent. Si wiere just ze realiséieren, wann nieft Bensin- an Dieselautoen och ëmmer méi Elektroautoen géife verkaf ginn. D'Produzente mussen sech deemno séier ëmstellen a warne virun engem Ofbau vun Aarbechtsplazen. De Verband vun den europäesche Automobilproduzenten huet ähnlech reagéiert. Eng CO2 Reduktioun ëm 37,5% géif wuel plausibel kléngen, mä komplett onrealistesch fir ëmzesetzen. Den europäesche Konsumenteschutz huet iwwerdeems ënnerstrach, dass niddreg CO2-Emissiounen och manner Verbrauch bedeiten a Chauffeuren Sprit a Sue kéinte spueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.