JapanDe Chef vu Renault, Carlos Ghosn, bleift an Untersuchungshaft

De fréiere Manager vun Nissan ass zanter iwwer zwee Méint a Japan inhaftéiert.

Ee Geriicht zu Tokio huet op e neits eng Demande zeréck gewisen, deemno de Carlos Ghosn géint eng Kautioun sollt fräi kommen.

E Méindeg hat dee 64 Joer alen Manager versprach, dass hien am Fall vun enger Fräiloossung géif a Japan bleiwen. De Carlos Ghosn war den 19. November verhaft ginn. De japanesche Parquet geheit dem fréiere Chef vun Nissan vir, jorelaang een ze niddregt Akommes deklaréiert a perséinlech Verloschter op de japaneschen Autosproduzent iwwerdroen ze hunn.