Livestream geet weider um SonndegFIA Hill Climb Masters zu Eschduerf

Et ass eng Première: Déi éischte Kéier am Automobilsport gëtt den ultimative Biergkinnek gesicht.



An enger Zort Weltfinale decidéiert sech, wie Champion vun de Championen am Biergsport ass.

Bei dëser Biergcourse dierfen nëmmen déi fënnef bescht Pilote aus den nationale Biergchampionnater an d’Top12 vun der Bierg-Europameeschterschaft un den Depart goen. Donieft krute verschidde Piloten eng WildCard. Dëse Motorsport-Event vun der Extraklass ass direkt eng duebel Course: Nieft den Drivers Master gëtt och nach den Nations Cup ausgedroen. Speziell Präisser ginn et fir d’Dammen respektiv fir déi jonk U25-Piloten.

RTL.lu streamt dës ganz Course live! Op eisem Site kënnt dir esouwuel den Training Samschdes wéi och déi dräi Manche vum Sonndeg suivéieren! De Livestream fänkt béid Deeg um 9h un, den éischten Depart ass samschdes wéi sonndes fir 9h30 geplangt.

Startlëscht

An hei nach eng Trafi-Info vun der P&CH Wolz: D'N12 Hierheck - Eschduerf - Kräizung mat der N15 (am Heischtergronn) ass wéinst den "FIA Hill Climb Masters" vum Freideg de Moien 8 bis e Sonndeg den Owend 22 Auer a béide Richtunge gespaart.