AutofestivalDëst Joer vum 31. Januar bis den 9. Februar

Leit iwwer 70 Joer mussen de Führerschäin nach just all 5 Joer nei maachen, iwwer 80 Joer all 2 Joer an et gi Changementer bei der Conduite Accompagnée.

D'Editioun vun dësem Joer gouf um Méindeg Moien an der Chambre des Métiers virgestallt.

Ënnert anerem hunn déi verschidden Acteuren op d'Doléancen am Secteur opmierksam gemaach.

Ënnert anerem ass et ëm d'Besteierung bei Leasingsween gaangen, iwwer déi Fegarlux an Adal a nächster Zäit mat der Politik diskutéiere wëllen.

Soss war et nach d'Feststellung, dass d'Zuel vun den Immatrikulatiounen vun Occasiounsween an d'Luucht geet an dass déi meeschte Leit fir eng Occasioun bis zu 5.000 Euro just nach ausginn.

De Verkaf vun neien Autoen huet dann zejoert am Ganzen 1,4 Milliarden Euro ausgemaach.

Den Transportminister François Bausch huet a senger Ried nach annoncéiert, dass eng Simplification Administrative bei der Conduite Accompagnée soll kommen, an dass d'Echéancen vun der Erneierung vum Führerschäin bei Leit iwwer 70, respektiv iwwer 80 Joer solle vereinfacht ginn.

Deemno soll jiddereen, deen tëscht 70 an 80 Joer al ass, säi Führerschäin an Zukunft just nach all 5 Joer mussen erneieren, amplaz all 3 Joer.

Vun 80 Joer un soll de Permis just nach all 2 Joer renouvelléiert ginn, an net méi all Joer wéi dat den Ament nach e Fall ass.


Reportage Vum Lynn Gaspar



Presentatioun Autofestival 2015 (19.01.2015)
Bei der Presentatioun huet den Nohaltegkeetsminister och ugekënnegt datt et verschidde Changementer beim Führerschäi gëtt.