P&R Houwald100 Leit bei Flashmob vu Facebook-Grupp "Policekontroll"

De Rassemblement war um Freideg den Owend an de Minister François Bausch war och do - et goung ëm d'Virstellung vun der "Roadapp".

© Max Hesse

Déi weist Policekontrollen zu Lëtzebuerg.

Eng 100 Leit waren dofir op de P&R Houwald komm, organiséiert vum Facebookgrupp "Policekontroll Lëtzebuerg".

Et war zwar kal, am d'Organisateure waren zefridden an de Minister huet et eng gutt Saach fonnt: Hie huet d'App begréisst, well se hëlleft, d'Leit ze sensibiliséieren op der Strooss an datt se hir Vitess upassen.

© Max Hesse


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.