Trafic3 Joer Schantjen op der A4

Nei Pompelstatioun, méi Spuren, méi grouss Brécken... Op der Escher Autobunn stinn an den nächste Joeren eng ganz Rëtsch Aarbechten um Programm.

3 Joer Schantjen op der A4 (06.04.2016)
Op der Escher Autobunn stinn an den nächsten Joeren eng ganz Rëtsch Aarbechten um Programm.
Tëscht d'Opfaart Leideleng an d'Sortie Steebrécken kënnt z.B. eng nei Pompelstatioun. Déi Aarbechten hunn an Tëschenzäit ugefaangen an do gëllt et eng ganz Rei Preparative vum Chantier ze maachen, éier iwwerhaapt mam eigentleche Bau vun der Pompelstatioun kann ugefaange ginn.



Nieft deem Chantier ginn et awer och nach anerer. Sou soll d'A4 jo a béid Richtunge méi breet gemaach ginn an et solle Busspure bäikommen... et musse Brécken erneiert a méi breet gemaach ginn.



E weidere grousse Chantier ass dee vum Echangeur Steebrécken, dee komplett ëmgebaut gëtt. Et kënnt e groussen ovale Rondpoint ënnert der Autobunn tëscht Wickreng a Steebrécken.



D'Aarbechte sollen eng 3 Joer daueren. An der nächster Schoulvakanz ass d'Autobunn dann och 2-3 Deeg gespaart, well eng Gasleitung queesch ënnert d'Autobunn geluecht gëtt.