No Explosioun an DäitschlandAral stoppt d'Vente vun Äerdgas och zu Lëtzebuerg

Nodeems an Däitschland e VW mat engem Äerdgas-Motor explodéiert ass, huet och Aral Lëtzebuerg d'Vente vun Äerdgas gestoppt.

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg
Zu Duderstadt bei Göttingen ass déi lescht Woch op enger Bensinsstatioun e VW Touran explodéiert, dee mat engem Äerdgas-Motor equipéiert war. Eréischt e puer Woche virdun hat Volkswagen dausenden Äerdgas-Autoen zréckgeruff. Aral huet och reagéiert an d'Vente vun Äerdgas gestoppt, an Däitschland an och am Grand-Duché. Et misst elo gekuckt ginn, wat bei där Explosioun de Problem war: den Auto oder den Äerdgas u sech.

LINK: Auto explodiert auf Tankstellengelände