RadarenBausch confirméiert 168.345 Infraktioune bannent 6 Méint

Am meeschte geblëtzt goufen d'Leit zu Märel, Schieren a Lëppschent.

Et gouf besonnesch an de éischte Woche bekanntlech massiv geblëtzt. Zanter datt d'Radare viru 6 Méint agefouert goufen, goufen alles an allem 168.345 Infraktioune festgestallt. Dat sinn der an der Moyenne iwwer 28.000 de Mount.

Dës Zuelen nennt den Transportminister François Bausch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

PDF: Äntwert vum Minister Bausch.

E Vertrieder vum Parquet hat an der juristescher Chamberkommissioun vun 180.000 Gefierer geschwat, déi während där Zäit geblëtzt goufen.

D'CSV-Deputéiert Roth an Adehm wollten dunn an enger parlamentarescher Fro d'offiziell Confirmatioun vum Ressortminister Bausch a vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Schneider.

Den Transportministère wollt u sech nach net mat engem Bilan an d'Ëffentlechkeet goen an eréischt no engem Joer Chiffere publizéieren.

Am meeschte geblëtzt goufen d'Leit zu Märel, Schieren a Lëppscht.

Ci-dessous le classement des radars fixes selon le nombre d'infractions relevées:
1. Merl
2. Schieren
3. Lipperscheid
4. Gonderange
5. Schlammesteen
6. Reckange
7. Dorscheid
8. Roost
9. Niderterhaff
10. Hëttermillen
11. Welfrange
12. Heiderscheid
13. Stegen
14. Beckerich
15. Schmëttewier
16. Emeschbaach
17. Garnich
18. Schoenfels
19. Steinheim
20. Pleitrange