VIDEO: RTL mécht den TestWéi wäit kënnt ee mat engem Elektroauto?

En Elektroauto, en Auto dee kee Kaméidi mécht an och nach gutt fir d’Ëmwelt ass. Dat klengt no der idealer Léisung géint schlecht Loft a Groussstied.

D'Limitte vun Elektroautoen (11.10.2017)
D’Fro vun der Autonomie verfollegt den Elektroauto, wéi d’Ofgasen den Diesel an de Bensiner. Eisen Testauto war en Nissan Leaf.
D’Fro vun der Autonomie verfollegt den Elektroauto, wéi d’Ofgasen den Diesel an de Bensiner. Eisen Testauto war en Nissan Leaf. Mat voller Batterie packt en 220 Kilometer. Op déi soll ee sech awer net ze vill verloossen. 

D'Equipe vum Magazin ronderëm de Felix Winandy huet getest, wéi wäit ee mat engem Elektroautoe ka fueren.

D'Affaire mam Luede war nawell méi spannend wéi geduecht. Mir hunn eis net preparéiert, wou mer den Auto kënne lueden.
Op der Aarbecht geet dat ouni Problem. De Moment gëtt et eng Borne mat zwou Prisen. Hei lued een duebel sou séier wéi un enger normaler Steckdous. Ganz eidel muss e bis zu 9 Stonnen un der 220Volt-Prise hänken.

Am Moment ginn et ongeféier 65 Bornen hei am Land. Virun der Viktor Hugo Hal hu mir eis geparkt a probéiert ob mer Stroum kréien. Well de Stroum net gratis ass, brauch een eng Kaart. Iwwert d'Hotline krute mer erklärt wéi et funktionéiert. Op chargy.lu kann ee sech umellen an uginn bei wéi engem Stroum Fournisseur ee wëll e Kontrakt maachen. Duerno kann ee säin Auto bei all Chargy Born oplueden. Bis 2020 sollen et der 800 uechtert d'Land ginn. Dem Transportministere no kascht d’kw/h ähnlech vill wéi doheem.

Bei engem accidentéierten Elektroauto mussen d’Pompjeeën an d'Rettungsdéngschter sech anescht astellen. Mat Theoriescouren preparéiere si sech op den Eeschtfall. Mat sougenannte Rescue Sheets kënnen d'Pompjeeë kucken, wou déi kriddeleg Stécker, wéi Batterien a Leitungen am Auto leien. Vun all Mark a Model ginn et der.

Eng aner Gefor ass, wann en accidentéierten Elektroauto Feier fänkt. Dobäi entsti méi héich Temperaturen, mee och dofir si si virbereed.

Zanter 2010 ginn et all Joer méi Elektroautoen hei am Land. En Elektroauto ass haut net méi sou deier wéi nach virun en puer Joer. An awer si se nach e bësse méi deier wéi en Diesel oder e Bensiner.

Am Verglach kascht den eGolf 35.500€, de Bensiner 30.050€ an den Diesel 32.200€. Vum Staat kritt een awer eng Steiererliichterung vu bis zu 5000€.

D’Klimaanlag an d’Heizung verbrauche Stroum, wann ee se ausmécht, kann een e bëssen Akku spueren. An dat och beim Bremsen an Ausrullen.

Wat en Elektroauto an e puer Joer nach Wäert ass, wann een en als Occasioun wëllt verkafen, wierklech soe kann dat nach keen.

Zréck bei den Ufankstest. Mat 82% an 166km Autonomie si mir gestart. Wéi et du bis net méi vill Akku war, ass et op eemol séier gaang an d’Nervositéit ass geklomm.

Vun deenen 166 Kilometer Autonomie bei 82% Akku, sinn mir der 115 wäit komm. Dat sinn der en decke Batz manner, mee wierklech spuersam an ëmweltbewosst sinn mir beim Test net gefuer.

Fazit, fir Leit, déi et net weit bis op d’Aarbecht hunn an och soss keng gréisser Distanzen am Dag zeréckleeën, ass et eng Alternativ. Fir spontan Ausflich an d’Ausland ass et awer definitiv näischt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.