Et war annoncéiertÉisträich mécht eng Plainte géint Däitschland wéint PKW-Maut

Effektiv mécht Éisträich eng Plainte géint Däitschland virum Europäesche Geriichtshaff wéinst der ëmstriddener Vignette op den däitsche Stroossen.

D'Aféierung vun der Maut wier eng Diskriminatioun, sou den éisträichesche Transportminister Jörg Leichtfried um Donneschdeg de Moien zu Wien.

D'Porte-Parole vum Transportministère Dany Frank huet schrëftlech op Nofro hin nach emol drun erënnert, datt Lëtzebuerg einstweilen net wëll mat op de Wee vun enger Plainte goen. Et wéilt ee sech am Kader vun de Verhandlunge fir eng gesamteuropäesch Léisung bei der Besteierung asetzen, dat heescht iwwert dee Wee eng nei Reegelung aushandelen.