Autotest vum 12. Oktober 2017Porsche Panamera Sport Turismo

Mam Panamera Sport Turismo gëtt den éischte Break an der Porsche-Firmegeschicht lancéiert. De Serge Pauly konnt en op Vancouver Island probéieren.

Kanada, do falen engem direkt onberéiert Landschaften, Ahornsirop an de sympathesche Premier an. Klischeeën eben… Esou wéi ee bei Porsche direkt u Sportsween denkt, un den 911. Mä och dat ass mëttlerweil nëmmen nach e Klischee. Den décke Goss gëtt scho laang mat den SUVen gemaach. A virun aacht Joer gouf d’Expeditioun Panamera lancéiert, déi éischte Limousine mat Porsche-Badge.

Elo gëtt e weideren Tabu gebrach: De Panamera Sport Turismo wäert als éischte Porsche-Kombi an d’Geschicht agoen. En Haut-de-Gamme-Break mat enger expressiver Coupé-Ligne. Dat erënnert eis e bëssen un de Shooting Brake vum Stuttgarter Noper, mä dat ass mëttlerweil en Auslafmodell, an d’Porsche-Interpretatioun vun där Iddi ass ästhetesch wierklech gelongen. An dësem Hënneschte stiechen esouguer e bëssen 911-Formen! Mat 5m05 ass de Panamera definitiv e groussen Auto, mä de Besoinen hei op Vancouver Island gëtt e wuel net gerecht.

Bei Porsche reagéieren se allergesch drop, wann een déi Schéinheet als “banale Kombi” bezeechent. An effektiv, wann ech mir d’Mall esou ukucken, dann ass déi net wierklech vill méi grouss wéi déi vum normale Panamera. Nëmmen d’Luedkant ass e gutt Stéck méi niddereg, dat hëlleft wann ee schwéier Objeten luede muss. Et ass dee méi praktesche Panamera, mä nach laang kee Cargo-Weltmeeschter.

Seng wierklech Qualitéiten weist de Panamera éischter vir lénks. D’Cockpit ass perfekt op de Chauffer zougeschnidden, d’Commande leie gutt am Grapp. Et mierkt een, dass hei Leit um Wierk waren, déi selwer gären Auto fueren. Beim Virgänger goufen dowéinst esou Niewesächlechkeete wéi Écran oder Infotainment-System e bësse vernoléissegt. Mä deen neie Panamera ass och do op der Héicht vun der Zäit. A Porsche ass endlech vu senger Knäppercher-Kränkt geheelt: E puer sinn der iwwereg bliwwen, dat meescht steiert de Pilot awer op dëser gliesener Mëttelconsole mat Touch-Funktioun. Dat gesäit net nëmme gutt aus, et ass och praktesch. Den eenzegen Nodeel: um Glas gesäit een all Steppskär an all Fangerofdrock. Den Hausmann vu Welt muss do wuel e bësse méi dacks botzen.

D’Limousine huet d’office hannen zwee eenzel Sportsëtzer, am Sport Turismo muss een dofir extra bezuelen. Hei ass eng Réckbänk fir dräi oder besser 2½ Leit serieméisseg.

Familjentransporter – déi Roll kann de Sport Turismo ouni Problem iwwerhuelen. Allrad an eng opwänneg Loftfiederung si serieméisseg, Sécherheet a Confort deemno garantéiert. Gutt, dass se a Kanada grouss Stroossen hunn, well de Panamera ass richteg breet. Mä esouguer wann een sech un déi streng kanadesch Vitesselimitatiounen hält, da spiert een: iergendwou am Sous-Sol schléift en 911. Keen Konkurrent an där Gewiichtsklass hëlt d’Kéieren esou flénk a liwwert esouvill Feedback.

Bei Porsche schaffen d’Virtuose vum Fuerwierk. Si hunn net nëmmen ee perfekte Kompromëss komponéiert, mä direkt dräi: Confort, Sport a Sport+. An am Géigesaz zu villen aneren Autoen funktionnéiert jiddfer eenzel Fuerwierksastellung perfekt a mécht Spaass.

Och den Diesel, e V8 mat 420 Päerd, ass e Genoss! Sécher, et ginn och attraktiv Bensinner, mä den Diesel huet déi beschte Relatioun tëscht Power, Lafkultur a Verbrauch. Déi Harmonie léisst Porsche sech mat minimum 123‘000 Euro bezuelen. De klengste Bensinner kritt ee fir ënnert 100 Ticketen, mä no Optioune wäert jiddfer Sport Turismo sechs-stelleg zu Buch schloen. Et ass vläicht den éischte Kombi an der Firmegeschicht, mä op d’mannt präisslech ass et also e richtege Porsche…

Op een sech elo fir déi normal Limousine oder den neie Sport Turismo décidéiert, ass virun allem eng ästhetesch Fro: wéi een Hënneschte gefält engem besser?

Porsche Panamera Sport Turismo (12.10.2017)
Mam Panamera Sport Turismo gëtt den éischte Break an der Porsche-Firmegeschicht lancéiert. De Serge Pauly konnt en op Vancouver Island probéieren.