MercedesIwwer 1 Millioun Autoe vu Réckruffaktioun betraff

Bei Mercedes steet eng Réckruffaktioun an d'Haus, wéinst engem Feeler um Kabelbam, deen dozou féiere kann, dass den Airbag ongewollt ausgeléist gëtt.

Betraff si Gefierer vun de Klassen A, B, C an E, grad wéi d'Modeller CLA, GLA a GLC, déi tëscht November 2011 a Juli 2017 an den Handel komm sinn.
An Däitschland eleng musse ronn 400'000 Autoe zeréck an d'Garagen. Och aner europäesch Länner si betraff, dorënner z.B. Groussbritannien.

Ob och Autoen zu Lëtzebuerg vun der Réckruffaktioun betraff sinn, konnt Mercedes eis op Nofro nach net bestätegen.