Géint LoftverschmotzungToxicity-Charge vu 24€ fir an de London-Zentrum ze fueren

Mam Auto an den Zentrum vu London fueren, dat ass schonn deier. Vun elo un ass et fir Autoen, déi manner ëmweltfrëndlech sinn, nach méi deier.

© AFP
2003 ass déi Taxe agefouert ginn a läit aktuell bei ëmgerechent 13 Euro den Dag fir all Auto, deen an déi Zone am Zentrum erawëll.

Elo kënnt eng „Toxicity-Charge“ derbäi fir Autoen, déi virun 2006 ugemellt goufen, déi d'Euro-Norm net erfëllen. 24 Euro mussen déi am Ganze fir een Dag bezuelen.

2021 soll déi Taxe fir ganz London gëllen.

Iwwer 9'400 Mënsche stierwen all Joer zu London wéinst der Loftverschmotzung, soen d'Statistiken.