Video-ReportageFir méi Sécherheet: Leitplanke laanscht Bam-Alleeën

6 Mol d'Joer kënnt den "Audit Sécurité" beieneen. Eng 30 Leit strecken d'Käpp zesummen, fir d'Sécherheet op der Strooss z'optimiséieren.

D'Stroosse sécher gestalten (24.10.2017)
E Feeler - verzeien Strooss wär den Optimum. De Wee bis dohinner ass laang. Dofir gëllt et elo kuerzfristeg Mesuren z'ergräifen. Wéi Leitplanke.
Iwwer 20 Verkéiersdoudeger ginn et bis elo op de Lëtzebuerger Stroossen dëst Joer. Verschidde Mesuren, wéi Radaren, goufe scho geholl. Ma dat eleng geet sécher net duer. Eemol all zwee Méint kennt dofir en Aarbechts-Grupp bei Ponts et Chaussées beieneen fir iwwer weider Mesuren nozedenken. Zum Beispill Leitplanke laanscht Bam-Alleeën, wat awer net ëmmer einfach oder méiglech ass.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.