An der Stad Lëtzebuerg30 Tonne Blieder ginn all Woch op der Strooss opgeraf

Wat geschitt am Hierscht mat de Blieder, déi op de Stroosse leien? An der Stad Lëtzebuerg gi se verbrannt.

30 Tonne Blieder ginn all Dag opgeraff (30.10.2017)
Wat geschitt am Hierscht mat de Blieder déi op de Stroosse leien? An der Stad Lëtzebuerg gi si verbrannt.
Mat Allerhellgen an Halloween ass och den Hierscht dobausse sou richteg ukomm. Den Ament fueren all Moien eng Armada un Gemengenaarbechter, déi all Joers Tonnen u Laf a Blieder vun de Stroossen an Trottoiren kiert. Dëst bréngt eng grouss logistesch Aarbecht mat sech.

Kuerz viru 7 Auer um Mueren: Déi meescht Leit schlofen ëm dës Auerzäit nach. Fir de Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg ass dat den Ufank vum Kampf géint d’Laf. 3 Männer an eng héich techniséiert Maschinn sinn dofir zoustänneg, dass no Sonnenopgank alleguer d’Blieder vun den Trëttoiren an der Strooss verschwonne sinn.

Ganz einfach ass dat awer net. Just einfach mat der Maschinn iwwert d’Blieder fueren, geet net duer. Éier d’Kiermaschinn d’Laf iwwerhaapt opsauge kann, muss et zesumme geblose ginn.

Dass dat net bei jidderengem op Versteesdemech stéisst, ass gewosst. D’Strooss gëtt blockéiert an et geet méi lues, wei gewinnt. An och de Kaméidi ass dacks ee Problem. An dat matzen an engem Wunnquartier. Mee ganz ouni Kaméidi geet et awer net.

Wann d‘Blieder all zesummegekiert an ënnert den Autoen erausgeblose goufen, gi se tëschegelagert. Well einfach esou kompostéieren, kann een déi net. Si si voll mat Zigarettestëmp, Plastik an Dreck, deen net fir de Kompost geduecht ass.

"2015 hate mir ongeféier 280 Tonne Blieder, dat Joer drop hate mir 100 Tonne méi. Elo hu mir eng Moyenne vu 30 Tonnen d'Woch", sou de Jodie Kugler vum Service Hygiène.

Um Enn vum Muere ginn d’Blieder a grouss Container gesammelt a kommen dono op de Sidor a gi verbrannt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.