Tierkei2021 soll en tierkeschen Auto op de Maart kommen

Den Erdogan ass der Meenung, datt all d'Tierke léiwer mat engem Auto aus hirem Land fueren, wéi mat importéieren an auslännesche Marken.

© AFP (Archiv)

D'Tierkei wëll 2021 en Auto op de Maart bréngen, deen am Land selwer produzéiert gëtt. Dat huet den tierkesche President Erdogan zu Ankara annoncéiert.

5 Entreprisë solle sech zesummendinn an deen Auto produzéieren. Den Erdogan ass sech sécher, datt d'Tierken deen Auto léiwer hunn, ewéi all aneren Marken, soubal dëst d'Gefier um Maart ass.

An de 60er Joeren hat d'Tierkei de Modell Anadol erausbruecht, seng Produktioun gouf awer an den 90er Joren gestoppt.
Déi Tierkesch Automobilindustrie produzéiert den Ament virun allem fir US amerikanesch an europäesch Marken.