Autotest vum 23. November 2017Kia Stinger

Stinger heescht Stachel, oder en Déier wat pickt. Kia wëllt domatter eng däitsch Bastioun ugräifen. De Pascal Becker mengt: d'Chance sti gutt.

Eent muss een de Béisen an all Bond-Film loossen: hir Wunnengen hunn ëmmer impeccable Stil. Doudeg Vulkaner, Hielen, gäre mat Bléck op d’Mier, esou léisst sech relax d’Dominatioun vun der Welt plangen.

Géif e Bond-Béise mat engem Kia fueren? Zyniker behaapten elo, dat wier eng Fro vum Marketing-Budget, mä den neie Stinger huet duerchaus reell Argumenter fir déi eng oder aner Bond-Poursuite.

Déi familjentypesch Front nennen si “Tiger-Gesiicht”. Wien ufänkt all déi  zousätzlech Killouvertüren ze zielen, kennt zur Konklusioun, dass potentiell zimlech vill Hëtzt hei muss evakuéiert ginn. An e Bléck op d’Bremse verréit, dass  hei professionell Tempokiller op en Optrag waarden.

Stinger heescht Stachel, oder en Déier wat pickt. An deem Fall et e kloeren Ugrëff op eng däitsch Bastioun. De véierdierege Gran Turismo oder sportleche Laangstreckenauto.

D’Basisdeeler existéieren am US-Baukaste vum Kia-Brudder Hyundai. Eng Plattform, hannen- oder allradgedriwwen. Déi profan Detailer stëmmen. De Stinger ass breet an déif. A well en dobäi och nach zimlech laang ass, hu véier Leit gutt Plaz.

Hanne geet et där méi wéi genuch fir d’Been, just mat den Zéiwe muss een handelen. Wann de Chauffer gären déif sëtzt, passt kee Fouss méi ënnert säi Sëtz, wat op laange Strecken dann awer stéiert.

Fir d’Kapitel “Reese mat Cargo” ofzeronnen, gëtt et eng praktesch Heckklapp. D’Mall ass zwar net immens breet, mä dofir awer déif a laang.

Esouwäit fir d’Informatiounspflicht. Den interessanteste Sëtz ass vir lénks. Déif, an domm gaange fir d’Zéiwen. Gutt gahal op alle de richtege Plazen an déi richteg raimlech Relatioun mat all de wichtege Commanden.

Vun engem Koreaner erwaart een sech gewéinlech eng gutt gefëllten Equipementslëscht. Hei hu mir net nëmme Lieder, Toit Ouvrant an heizbaart Allerlei, mä och Head-Up-Display an 360-Grad-Kamera-Iwwerwaachung. Alles propper verschafft. Bei däitsche Premiummarquen ass d’Opléisung vun den Écranen nach méi schaarf an de Plastik eng Grëtz méi nobel.

Mä well si per Gentlemens-Agreement hir Limousine bei 250 elektronesch ofbremensen, riskéieren se wuertwiertlech op der Autobunn iwwerholl ze ginn. De Stinger ass näämlech den éischte Kia, deen 270 renne soll.

3’342 Kubiker, verdeelt op sechs Zylinder am V-Format misste genuch Reizer bidden. A Kia huet och un de Wanter geduecht. De GT huet Allrad a gläich zwee Turboen, fir dat och alles schéi waarm ze halen. D’Endresultat? 370 Päerd, e fetten Dréimoment. An no 4.9 Sekonne kann een den éischten 100 schonn “hasta la Vista” soen. Méiglech si, wéi gesot 270 km/h.

Beandrockend Wäerter. Mä automobil Gourmeten wëssen, dass plackeg Zuelen ëmmer nëmmen déi hallef Wourescht zielen. Et sinn déi subtil Ënnerscheeder, déi aus engem séieren Auto och en interessante maachen.

Dofir gëtt et elo Zäit fir iwwert den Albert ze schwätzen. Den Albert Biermann war Entécklungschef vun der BMW M GmbH, éiert d’Koreaner mat engem héchstwahrscheinlech décke Chef ugeklappt hunn. Nom Chefdesigner Peter Schreyer, Ex-VW, verantwortlech fir de Look, soll elo den Albert d’Euro-Sophistikatioun an d’Fuerwierk bréngen. Kia ënnerhält zesumme mat Hyundai ëmmerhin en Entwécklungszentrum um Ring. An dat mierkt een. Och beim Bremsen.

De Stinger GT ass zwar manner hardcore wéi en M, RS oder AMG, mä aktiv genuch fir dass d’Fuere wierklech Spaass mécht. An dat ouni emol iwwerdriwwen dréchen ze fiederen. Onerwaart sophistikéiert.

Um Enn musse mir dann awer och iwwert déi däischter Säite vum Stinger GT schwätzen. Eng Virléift fir Bläifräi. 10 Liter si méiglech an an engems en Zeeche vun heroescher Selbstbeherrschung. Ëm 12 léisst sech normal liewen, mat Spillraum no uewe fir Exzesser.

Do ass de Kia mat anere Sportlimousinen a gudder Gesellschaft. Et kritt ee wuel e Stinger mat 4-Zylinder-Diesel fir ro 44’000 Euro. Mä ech mengen, dass den Topmodell ironsescherweis am meeschte fir d’Geld bitt. En Allrad-GT kascht wuel 52’000 Euro, Mä fir en ongeféier vergläichbaren däitsche Konkurrent muss ee gären 10 bis 15’000 Euro méi dohinner bliederen. An et kritt een nawell keng siwe Joer Garantie.

Kia Stinger (23.11.2017)
Stinger heescht Stachel, oder en Déier wat pickt. Kia wëllt domatter eng däitsch Bastioun ugräifen. De Pascal Becker mengt: d'Chance sti gutt.