VIDEO: Ausbau vun der A3Drëtt Spur fir Fuergemeinschaften a Busser reservéiert?

Am Infrastrukturministère denkt een driwwer no, nom Ausbau vun der A3 op 3 Spuren, déi drëtt Spur fir Fuergemeinschaften a Busser ze reservéieren.

Ausbau vun der A3 soll 2019 ufänken (23.11.2017)
Am Infrastrukturministère denkt een driwwer no, nom Ausbau vun der A3 op 3 Spuren, déi drëtt Spur fir Fuergemeinschaften a Busser ze reservéieren.

Ausbau vun der A3 / Reportage Ben Frin



Wann d'Erweiderung vun der Diddelenger A3 op 2x3 Spure Mëtt bis Enn vun den 2020er Jore soll ofgeschloss sinn, da kéint no de Virstellunge vum Infrastrukturminister François Bausch sinn, dass di 3. Spur fir d'Fuergemeinschaften an d'Busser wäert reservéiert sinn, op d'mannst emol während de Spëtzenzäiten.

Den Ausbau vun der A3 wäert sech iwwer 7 Joer hinzéien, den normalen Trafic soll an der Zäit esou wéineg wéi méiglech beaflosst ginn. Standspure wäerten deen Ament gespaart ginn an d'Vitesse wäert wahrscheinlech op 70 km/h reduzéiert ginn. Den Trafic leeft da quasi laanscht de Chantier, sou den Direkter vun de Ponts et Chaussées Roland Fox. Dat ganzt gëtt awer en duerchaus komplizéierte Manöver. De Roland Fox zitt de Verglach mat enger Operatioun um oppenen Häerz, wou de Patient, an dësem Fall d'A3, muss weider liewen.

Extrait Roland Fox



Ähnlech Iwwerleeunge géif et och gi fir op der Areler A6 d'Standspur fir dësen Zweck ze benotzen.

Virun 2019 wäert wuel net mam Chantier kënnen ugefaange ginn, de ganze Projet soll 350 Milliounen Euro kaschten. Dass den 350 Milliounen Euro schwéiere Projet iwwerhaapt Sënn mécht, steet fir de Minister Bausch ausser Fro.

350 Milliounen Euro iwwer 7 Joer verdeelt, dat géif d'Staatskeess also da mat 50 Milliounen Euro pro Joer belaaschten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.