VIDEO: Mille MigliaOldtimer-Rallye hat Editioun 17 hei am Land virgestallt
Zu Munneref am Casino gouf et um Mëttwoch den Owend eng Premiere. Déi bekannten Oldtimer-Rallye, Mille Miglia, huet do Statioun gemaach.
Vun RTL
Oldtimer-Rallye hat Editioun 17 hei am Land virgestallt (30.11.2017)
Zu Munneref am Casino gouf et um Mëttwoch den Owend eng Premiere. Déi bekannten Oldtimer-Rallye, Mille Miglia, huet do Statioun gemaach.
Et ass di éischte Kéier, dass d'Presentatioun vun der prestigiéiser Course zu Lëtzebuerg gemaach gëtt.
D'Etappen an den Oflaf vun der Mille Miglia ginn traditionell ëmmer zu Paräis an zu Genf virgestallt. D'Organisateuren hunn awer dës Kéier eng Ausnam gemaach a si fir eng éischte Kéier op Lëtzebuerg komm. De Grond sinn di gutt Relatiounen mat der Lëtzebuerger Oldtimer-Zeen.
1.000 Miglia zu Lëtzebuerg
Di heemlech Staren bei der Mille Miglia sinn di al Autoen. Ma net all Oldtimer däerf matfueren, et muss ee schonn deen richtege Klassiker doheem am Garage hunn.
D'Streck geet vun Breschia op Roum an nees zréck an et gëtt ëmmer gesot, et wier di schéinste Course vun der Welt. Ma di ronn 16 Honnert Kilometer, oder 1.000 Meilen, sinn awer och ganz usprochsvoll, esouwuel fir d'Material wéi och fir den Mënsch.
2016 si 5 Lëtzebuerger Equippe matgefuer. Wéi vill et der bei der nächster Editioun sinn, ass nach onkloer, d'Aschreiwunge lafen nach.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.