RTL fillt Iech de BolsAll Dag am Stau, wat kéint ee besser maachen?

An de leschten Deeg war d'Thema Stau net méi aus den Aktualitéiten ewech ze denken an et schéngt eng "Histoire sans fin" ze sinn.

Iwwerfëllten Autobunne gehéieren op ville Plazen zum Alldag. Och eng verstoppte Pannespur gehéiert ewell zum alldeegleche Bild vum Verkéierschaos. Aktuell verfollegt den Transportminister e puer Pisten, fir dem Chaos op eise Stroossen Här a Meeschter ze ginn. Do héiert een da Begrëffer wéi Turbo-Rondpoint, Autobunn-Ausbau, Covoiturage, ...

Wat haalt Dir vun der alldeeglecher Situatioun op eise Stroossen? Sinn déi vum Minister Bausch proposéiert Changementer wierklech eng Léisung? Wat géif an Ären Ae wierklech hëllefen? Wat kéint ee besser maachen?

Wann Dir d'Geleeënheet hätt dem Transportminister eng Fro ze stellen, wéi eng wier dat?