Keng gutt KombinatiounMedikamenter huelen an dann hannert d'Steierrad

Wanterzäit ass Grippenzäit. Do gëtt dann dacks doheem séier an de Schaaf mat der Apdikt gegraff. Wëllt een duerno nach Auto fueren, gëllt et opzepassen.

© afp
Houscht a Schnapp doheem an der Famill oder de Grippevirus, dee sech op der Schaff breet mécht. Momentan ass dat bei deem Wieder dobausse kee Wonner.

Vill Leit gräifen dann doheem an d'Këscht mat de Medikamenter a setze sech duerno ouni laang ze iwwerleeën hannert d'Steierrad. Dem Dr. Spassimir Ivanov no misst een do oppassen, och wann net all d'Medikamenter en Afloss op d'Fuerverhale hunn. Geféierlech kann et och ginn, wann d'Leit hir Nues während dem Fuere botzen.

Extrait Spassimir Ivanov (1)

Verschidde Medikamenter kënnen awer midd a schléifereg maachen, d’Siicht aschränken oder Schwindel provozéieren.

Jo woubäi et och Ënnerscheeder an de Reaktioune ginn, jee no Alter oder Gewiicht. Medikamenter kënnen och deelweis déi selwecht Konzentratiouns- a Reaktiounslacunnen opweisen, wéi Alkohol um Steier. Beispillsweis Anti-Depressiva, Antiepileptika, Berouegungsmëttel oder natierlech Schlofpëllen.

An den Dokter ass och gehalen drop opmierksam ze maachen, fir bei bestëmme Medikamenter den Auto stoen ze loossen, a sech féieren ze loossen.

Extrait Spassimir Ivanov (2)

Grad elo am Wanter wou d'Deeg kuerz, gro, kal an naass sinn, dréckt dat op d'Moral. Also och heifir mol séier e Mëttelchen ageholl. Mä den Dokter warnt, datt een do ganz gutt muss oppassen, well vill Mëttel d'Reaktiounszäite beaflossen.

Extrait Spassimir Ivanov (3)

Grondsätzlech kéint ee soen, dass wann d'Optik, d'Motorik, an den zentrale Nervesystem net optimal zesumme schaffen, klëmmt de Risiko vun engem Accident am Stroosseverkéier.

A wéi heescht et ëmmer esou schéin "Liest d’Packungsbäilag oder frot ären Dokter oder Apdikter ëm Rot".