Autotest vum 14. Dezember 2017Mitsubishi Eclipse Cross

Mitsubishi presentéiert säin éischten neie Modell zënter 2012: den Eclipse Cross ass e Kompakt-Coupé-SUV, deen elo a Katalounien virgestallt gouf.

Et gi Marquen, déi si quasi vum Radar verschwonnen. Net nëmmen hei zu Barcelona muss ee scho wierklech gutt kucken, fir nach e Mitsubishi op de Stroossen ze fannen…

Elo leien déi ganz Hoffnungen um Eclipse Cross. Vir stécht e bësse Pajero dran, kombinéiert mat japaneschem Chic. Et ass definitiv seng schéinste Säit. Den Hënneschten par contre huet eise Kameramann Riccardo mat alle Mëttele probéiert ze cachéieren.

Et ass dei grouss Problemzon. Am Mallendeckel ass eng zweete Fënster integréiert, gutt fir d’Vue, schlecht fir d’Optik. Den Eclipse Cross ass kee banale SUV. Haut muss et schonn e Coupé-SUV sinn, nom Virbild vun engem Evoque oder engem X4. Den Eclipse Cross gesäit aus ville  Bléckwénkel net schlecht aus, mä den Hënneschten krut ech mir iergendwéi net schéi gekuckt.

Esou couragéiert wéi d’Designer bausse waren, esou konservativ waren d’Innenarchitekten. Vill schwaarz, e bësse lackéierte Plastik, e bësse Fake-Karbon... Net ellen, mä langweileg. Dat huet awer och ee grousse Virdeel: d’Cockpit ass kloer strukturéiert, et gëtt een direkt gutt eens.

Mitsubishi verzicht serieméisseg op en agebauten Navi, mä et kann ee säin eegene Smartphone uschléissen an op den Handy-Online-Navi zeréckgräifen. Eng einfach a bëlleg Léisung, esoulaang een net an d’Schwäiz fiert, wou Roaming fälleg gëtt.

Déi hënnescht Sëtzer bidden net vill Säitenhalt, mä ech war positiv iwwerrascht, wéivill Been- an esouguer Kappfräiheet een hannen huet. Den Nodeel vun esouvill Plaz fir d’Passagéier: d’Mall ass deementspriechend kleng geroden. Mä et kann een d’Réckbänk ëm 20 Zentimeter no vir réckelen.

Mitsubishi huet an den 90er Joeren véier Mol de Rallye-Weltmeeschter gestallt. Et hätt een d’Evo-Rezept och net vergiess, mä fir den Eclipse Cross huet Mitsubishi sech bewosst fir eng méi soft Ofstëmmung décidéiert. Esou soft, dass d’Karosserie a jiddfer Kéier schaukelt, esou bal een e bësse méi schëtzeg ënnerwee ass. Et muss ee awer soen, dass mir beim Choix vun eiser Teststreck net ganz fair waren. Dat heiten ass eng Spéciale vum Rally de Catalunya.

Eng Kéier un der anerer, do kinnt ee sech exzellent ameséieren. Mä net nëmme d’Fiederung mécht e Stréch duerch d’Rechnung, och d’Boîte ass e grousse Spaassverdierwer. Déi stufenlos CVT – op der Sich no der perfekter Iwwersetzung – ass permanent um Muelen. De bis elo eenzege Motor, e 1500er Bensinner mat 163 Päerd, huet och net vill méi Charme. En Diesel soll nach kommen.

D’Präisser fänke bei knapp 26’000 Euro un, manuell virgedriwwen. E gutt équipéierten Automatik-Allrad kascht eppes iwwert 36’000 Euro. Dat ass eng fair Offer. Fir Leit, fir déi Fuerspaass ganz ënnen op der Prioritéitslëscht steet, an déi vill méi op der Sich no engem Auto sinn, deen zimlech confortabel an extrem einfach am Ëmgang ass.

Mitsubishi Eclipse Cross (14.12.2017)
Mitsubishi presentéiert säin éischten neie Modell zënter 2012: den Eclipse Cross ass e Kompakt-Coupé-SUV, deen elo a Katalounien virgestallt gouf.