Autotest vum 14. Dezember 2017VW T-Roc

No Touareg an Tiguan kënnt T-Roc. VW baut seng SUV-Gamme no ënnen aus. De Pascal Becker huet de Liftstyle-Offroader ronderëm Lissabon probéiert.

Kompakt SUV’en riichten sech net onbedéngt u Leit, déi am Bulli wullen, Päerdunhänger zéien oder dräi Kanner an een Hond hunn. Et si Lifestyle-Accessoiren fir eng jonk urban Clientèle. A punkto Funk-Faktor ass en Tiguan nun emol e bësse schwaach am Kalzong. Wat ee vum T-Roc hei elo mol net behaapte kann. D’Reaktioune vun den Touristen, déi eis beim Tournage nogekuckt hunn, waren héchst positiv.

Sécher, mechanesch stécht hei vill Golf ënnert dem Blech. Mä e Golf, dee säi Kleederschaf ausgeraumt huet, a méi jonke Buttéker akeeft a vläicht esouguer e Piercing an en Tattoo huet. Op enger privater Plaz, fir de Bierger net ze schockéieren.

Et huet een hei déi e bësse méi héich Sëtzpositioun, déi haut geschat gëtt. An et huet ee korrekt Plaz, esouguer na der zweeter Rei. Den Tableau kann iwweregens a vill méi knallege Faarwe bestallt ginn, wéi dat Gro vum Testauto. Insgesamt moudesch ouni materiell Kompromësser. Enfin dach... Visuell stéiert et wuel net, mä hei ass awer fir e VW ongewinnt vill Haartplastik verbaut. Do erkennt een de roude Bic vum Comptable.

Iwwert déi digital Instrumenter hu mir scho vill Guddes gesot. A well de Konzern se an enger Abberzuel vu Modeller ubitt a se ëmmer d’selwecht ausgesinn, ass dat fir eis schonn e bësse langweileg ginn. Mä si sinn agréabel.

Well och den T-Roc um Modulare Querbaukasten MQB baséiert, wéi de Golf an de Cousin Q2, kritt een och hei ganz Armada vun Assistenzsystemer. “Front Assist”, wou den Auto bei Stadvitessen automatesch fir Foussgänger ofbremst ass Serie. Eng gutt Saach!

Iwwert d’Malle schwätzen ass meeschtens doudlangweileg. Dofir weise mir se einfach. Et gi Saachen dran. Punkt. An eng elektresch Klapp brauch een net wierklech.

VW huet den T-Roc bei Lissabon virgestallt, well en am portugisesche Wierk vu Setubal montéiert gëtt. Op de Stroossen laanscht den Atlantik fält fir d’éischt emol op, dass den T-Roc sech guer net SUV-schwammeg fiert. Neen, d’Stroosselag ass scho bal sportlech. Den T-Roc zierkelt präzis a mat minimalem Steieropwand duerch d’Kéieren a e mécht dat mat Allrad esouguer richteg schëtzeg. Wann och net besser wéi e Golf.

Fir dass dat klappt, ass d’Fiederung, esouguer am Confort-Modus, zimlech straff ausgeluecht. Wat op der Strooss nach als gelongene Kompromëss duerchgeet, weist am Terrain awer kloer seng Grenzen. Wéi esouvill vu sengen Aartgenossen ass och den T-Roc am Häerz e Boulevard-Offroader. Kompetent genuch fir op eng entleeën Plage ze kommen oder deen oder anere Bëschwee mat festen Ënnergrond an Ugrëff ze huelen. Mä wien vill méi verlaangt, riskéiert Tréinen. Déi meescht Leit kafen Trekking-Kleedung well se mengen, doran sportlech auszegesinn. Net fir sech wierklech am Bulli ze wänzelen.

Haut kënnt ee jo bei kengem Auto méi laanscht laang Rieden a Verspriechen iwwert Connectivitéit. Obwuel bal jidderee jo scho mat engem Smartphone an der Täsch ronderëm leeft. Dee permanent connectéiert ass a spéitstens an zwee Joer alt erëm hoffnungslos iwwerlieft ass.

Och den T-Roc versprécht den hellegen Uschloss un d’Spaweck an alle Liewenslagen. Wat op d’mannst beim Navi a Portugal strikt näischt bréngt. Nach ni huet e System mech esou dacks de falsche Wee an eng Einbahn wollte schécken, willkürlech a systematesch déi schmuelste Stroosse gewielt, wann niewendrun eng breet a séier Alternativ war. A jo, ech weess, wéi een esou Saachen astelle kann. Ech ginn dovunner aus, dass d’VW-Kaartematerial fir Portugal einfach schlecht ass. Et sief...

Zäit fir iwwert Motoren ze schwätzen. Nom Dieselskandal fält et natierlech méi schwéier nach Selbstzünder ze recommandéieren. Si ware vläicht net esou propper wéi versprach, mä dofir ëmmerhi spuersam. Wat mat Bensinn méi schwéier gëtt.

Eisen Testauto hat den 190-Päerd-TSI mat Allrad. Domat kënnt een natierlech richteg gutt virun. Mä engersäits ass de Klang vum Motor bei héichen Dréizuelen net berauschend. Dat kann e Golf GTI besser, anerersäits gesinn ech am Alldag wéineg Chancen, domat wäit ënnert 10 Liter ze kommen. Spuersam ass aneschters. Esou dass ech mir et awer gutt géif iwwerleeën, op den Diesel hei net déi besser Wiel ass.

D’Präisser gi vun 20’000 bis 32’000 Euro, je no Motorisatioun mat wéi gewinnt kräftegem Spillraum no uewen fir alles, wat gutt, schéin an optional ass.

VW T-Roc (14.12.2017)
No Touareg an Tiguan kënnt T-Roc. VW baut seng SUV-Gamme no ënnen aus. De Pascal Becker huet de Liftstyle-Offroader ronderëm Lissabon probéiert.