Bei KölnBal 30.000 Mol falsch geblëtzt, 1,3 Milliounen Euro zeréck

D'Stad huet déif an d'Täsch misse gräifen. Ronn 1,3 Milliounen Euro bezilt Köln u Leit zeréck, déi fälschlecherweis vun engem Radar geblëtzt goufen.

© AFP (Archivbild)
Op der A3 war nämlech den Tempolimitt net richteg ugewisen, d'Chauffeure krute Protokoller heemgeschéckt, obwuel si net iwwert der Limitt waren.

Ronn 27.000 Demandë goufen dunn un d'Stad adresséiert, fir entschiedegt ze ginn. Wéi et heescht, géifen nach 10.000 Fäll verschafft ginn.