Méi HybridToyota wëll keng Dieselautoe méi an Europa verkafen

De japaneschen Autosconstructeur wéilt sech elo op d’Technologie vun Hybrid-Autoe konzentréieren an net méi un den Dieseltechnologien schaffen.

Dat sot de President vun der Firma, dee fir Europa responsabel ass, zu Genf. Do fänkt dës Woch den 88. Autossalon un.

D’lescht Joer hätt d’Firma an Europa just nach 15 Prozent Dieselgefierer verkaf. 2012 wieren et nach 30 Prozent gewiescht. De Verkaf vun Hybrid-Autoen konnt sech awer weise loossen. Do konnt Toyota an Europa 45 Prozent méi verkafen.