VIDEO: Plainte deposéiertUertschaftsschëlter op e puer Plazen am Land geklaut

Wéi d'Police en Donneschdeg matdeelt, hunn d'Ponts et Chaussées eng Plainte gemaach well am Süde vum Land Schëlter ofmontéiert a geklaut goufen.

© Police Lëtzebuerg
Ënnert anerem goufen zu Monnerech um CR106 an nach emol an Direktioun Esch d'Schëlter an der Entrée vun der Uertschaft geklaut, wéi och um CR172, Monnerech a Richtung Éilereng. Um CR191 zu Esch-Belval goufen 2 Länner-Schëlter ewechgeholl an och op anere Plazen hunn déi Onbekannt de Schrauwenzéier ugesat: zu Munneref, Duelem, Uespelt, a Käl.

Esou e Schëld klauen ass kee Kavaléiersdelikt. Och wann et op den éischte Bléck just ee Schëld ass, ass et awer Eegentum vum Staat, an dee versteet kee Spaass, seet de Ralph Di Marco vu Ponts et Chaussées. Hei muss ee mat Strofen tëscht 251 a 5.000 Euro respektiv enger Prisongsstrof vun engem Mount bis 5 Joer rechnen.

An der Produktioun kascht esou ee Schëld net d’Welt, Tëschent 80 an 300 Euro. Rechent een awer all déi Aarbechtszäit zesummen, déi gebraucht gëtt, fir esou ee Panneaux ze ersetzen, da kennt ee séier an en véierstellege Beräich

Panneauen ofmontéieren oder einfach mathuelen, huet awer ganz dacks och een Afloss op d’Zirkulatioun. Stoppschëlter, déi verschwannen oder Vitesslimitatiounen, déi feelen, kënnen uerg Suitten hunn, well déi ginn opgestallt, fir eben den Trafic wichteg Matdeelungen ze maachen.

© Police Lëtzebuerg


Wéi d'Police präziséiert, hu si nach keng Informatioune wien d'Schëlter kéint geklaut hunn, dowéinst wier een op d'Hëllef vun Zeien ugewisen. Sämtlech Informatioune si fir d'Police vu Bieles um 2445-2200.