Et muss nogebessert ginnDuerchwuessene Bilan no zwee Joer Taxi-Reform

Den Transportminister François Bausch huet en Donneschdeg de Moien den Taxi-Bilan presentéiert. D'Taxisreform hätt nëmmen deels Verbesserunge bruecht.

© RTL Télé Lëtzebuerg / René Pfeiffer

D'Reform vum Taxisgesetz war noutwenneg, se war ambitiéis, mä se huet d'Erwaardungen nëmmen deels erfëllt. Dat sot den Transportminister op der Bilanspressekonferenz zwee Joer no der Reform am Taxiwiesen. Et misst ee sech definitiv Gedanke maachen, wéi een dëse schwierege Secteur op de richtege Wee brénge kéint. Éischt Spuren op de Lëtzebuerger Stroossen hätt d'Reform awer schonn hannerlooss, virop wat d'Kontrollen ugeet ...

Taxi-Bilan / 2. Reportage Pierre Jans



Dat ass déi positiivst Verännerung no zwee Joer Reform. Sougenannt ''wëll Taxisentreprisen'' géif et esou gutt ewéi net méi. Dat géif un de verschäerfte Kontrolle leien. An un den seriöen Amenden. 269 gouf et där zanter der Gesetzesännerung. 34 Mol gouf et déi héchste Geldstrof vu 500 Euro. Den zoustännege Minister erkläert, datt de Secteur duerch déi repressiv Moyene "gebotzt" gi wär.

Bei hirer gréisster Tâche huet d'Reform awer versot. D'Taxispräisser sollte méi niddreg ginn. De Minister ass formell: "Hu mir dat erreecht? Nee, ganz kloer nee!" D'Präisoffer wier awer méi diversifiéiert ginn. A mat enger Campagne wëll een de Client driwwer informéieren, datt d'Präisser fräi sinn an datt et och Ënnerscheeder tëscht de Präisser gëtt.

Global an iwwert déi lescht véier Joer gekuckt sinn d'Präisser awer ëm 11 Prozent geklommen. D'Fraise vun den Taxisentreprisë sinn dogéint ëm 3 Prozent erofgaangen. Am Interêt vum Client ass dat net. Sécherlech ee Grond, wisou bei enger Enquête vun TNS-Ilres 52 Prozent vun de Befroten uginn haten, ni en Taxi ze huelen. Ma et géif Ënnerscheeder bei den Tariffer, seet de Minister an hëlt och d'Clienten an d'Responsabilitéit sech z'informéieren. De Client hätt et och am Grapp, fir Drock op de Secteur ze maachen.

Déi nei geplangte Changementer sollen an der Haaptsaach dem Client entgéintkommen. An Zukunft soll den Taxireseau net méi a sechs Zonen agedeelt sinn. Et soll eng national Zone ginn. Dovu versprécht ee sech méi Offer, manner administrativ Demarchen, grad ewéi manner Trajeten ouni Client. Donieft soll de Client e puer méi Rechter kréien, Patron a Chauffer e puer méi Flichten an de Legislateur méi Kontroll. D'Negociatioune mam Secteur riskéieren, intensiv ze ginn ... De Minister appelléiert un d'Image de marque vum Secteur, dat aktuell net dat bescht wier.

Ëmmerhi wär den Taxi awer e wichtegt Element an der Mobilitéitsketten, esou de François Bausch.

Duerchwuessene Bilan no zwee Joer Taxi-Reform (15.03.2018)
Den Transportminister François Bausch huet en Donneschdeg de Moien den Taxi-Bilan presentéiert. D'Taxisreform hätt nëmmen deels Verbesserunge bruecht.


Fir de Manuel Nunes, deen zënter 41 Joer Chauffer ass, misst een schonns eng méi kloer Reegelung hunn. Zum Beispill datt Gefierer aus aneren Zone besser erkenntlech sinn.

De Manuel Nunes erzielt dann och am Gespréich mat RTL Télé Lëtzebuerg: Zënter dem neie Gesetz sinn d'Präisser fir d'Clientë méi kloer affichéiert. Dat de Client ganz fräi entscheede soll kënnen an net méi muss den éischten Taxi an der Schlaang huelen, wier awer sou eng Saach. Och Taxi-Chauffeuren hu mol hir Preferenzen. Wann et ëm kuerz Strecke geet, da géife verschidde Chaufferen dach léiwer op deen éischten Taxi an der Réi verweisen a sech da selwer eng länger a méi rentabel Course halen.

- - -

Bei e puer Punkten am Gesetz soll also nogebessert ginn. Et geet an d'Richtung vun enger Liberaliséierung vum Marché.

Taxi-Bilan / 1. Reportage Pierre Jans



Bis ewell war de Grand-Duché jo, wéi gesinn, a sechs Zonen agedeelt. Fir all Zon gouf et eng Taxislizenz. Et war deemno net virgesinn, dass e Chauffer mat enger Lizenz fir déi drëtt Zon an der éischter Zon Trajete fiert. Den DP-Deputéierte Max Hahn hätt dës Andeelung vun Ufank un net ganz sënnvoll fonnt. Wann een dat zum Beispill mat engem Elektriker vergläicht, ass et jo och net esou, dass de Staat virgëtt, wou am Land wéi vill Elektriker dierfe schaffen. Dat ass en Agrëff an de Marché.

Wann ee wéilt, dass d'Taxispräisser erofginn, da misst een dofir Suergen, dass d'Offer klëmmt, fir der Demande entgéint ze kommen, esou de Max Hahn. Virun allem an der Stad géif et net genuch Taxien, d'Leit missten dacks laang waarden. D'Präisser géife klammen. Mat enger eenzeger Zon fir d'ganz Land riskéiert een awer, dass de ländleche Raum ze kuerz kënnt, fäert den Nord-Deputéierte Marco Schank vun der CSV an et wäert een dat och genee analyséieren.

D'Reform huet hiert Zil d'Taxifueren zu Lëtzebuerg méi bëlleg ze maachen net erreecht. Am Géigendeel: iwwer déi lescht véier Joer gekuckt gëtt et eng Präishausse vun 11 Prozent, d'Fraise vun de Patrone vun Taxisentreprisen sinn allerdéngs ëm ronn 3 Prozent erofgaangen. Dat wär net an der richteg Richtung gaangen, sou de Max Hahn.

Donieft soll et an Zukunft méi streng Reegele a méi Kontrolle gi fir sougenannt ''wëll Taxisentreprisen'' aus dem Verkéier ze zeien. Iwwer Uber u sech wär net diskutéiert ginn, dofir awer iwwer ee Konzept, dat ee sech vun der Firma ofkucke kéint: den Taxi-Sharing.

Dat heescht, dass een net méi just en Auto reservéiert, mä just nach e Sëtz reservéiert an de Präis gëtt proportional opgedeelt, präziséiert d'Josée Lorsché vun déi Gréng.



D'Reform vun der Reform muss elo awer fir d'éischt nach mat der Gewerkschaft vun en Taxischaufferen diskutéiert ginn. Einfach Negociatiounen dierften, wéi gesot, dat net ginn.

PDF: Présentation Taxi Bilan et options d'ajustement.

Hei dat offiziell Schreiwes:

Premier bilan de la réforme des taxis et présentation des pistes d’ajustement (15.03.2018)

Communiqué par: ministère du Développement durable et des Infrastructures

 

François Bausch, ministre du Développement durable et des Infrastructures, a dressé un premier bilan de la réforme des taxis après 18 mois depuis l’entrée en vigueur de la loi du 5 juillet 2016, et a présenté des pistes d’ajustement.

A)  Bilan de la réforme des services des taxis 

François Bausch s’est d’abord félicité qu’une grande partie des mesures introduites par cette loi ont trouvé leur succès, notamment l’assainissement du secteur par la sortie des taxis sans licences, la transition d’un régime communal vers un point de contact unique ainsi que l’introduction des taxis zéro émissions et l’application de normes environnementales pour les taxis ordinaires.

Le service des taxis avec son centre de réclamation a recensé 2.651 prises de contact dont 273 plaintes clients pour raison de tarif excessif respectivement de comportement inadéquat du conducteur. 

Il doit cependant être constaté, qu’il subsiste, surtout dans la zone centre des problèmes au niveau de la disponibilité des taxis aux heures de pointes ou en soirée. En outre, il a été constaté que les prix malgré une diversification des tarifications appliquées n’ont pas vu naître une tendance vers la baisse et ce malgré une croissance du PIB de 18,9% entre 2013 et 2017 selon les chiffres du STATEC.

B)  Pistes d’ajustement

François Bausch précise que les propositions d’ajustement devront se faire dans l’intérêt du client et dans l’optique d’une simplification administrative au profit du secteur.  

Dans cet ordre d’idées, plusieurs pistes sont envisagées et seront discutées avec le secteur dans les semaines à venir:

  • Option de création d’une zone nationale
  • Piste d’augmentation de l’offre de taxis propres
  • Adapter le secteur à l’ère digitale avec le ticket reçu digital et le taxisharing
  • Renforcement des droits des usagers
  • Renforcement des pouvoirs de contrôle et de sanction
  • Une campagne de sensibilisation du client au niveau de ses droits

François Bausch conclut: «La réforme des taxis en 2016 a été une première étape nécessaire pour réformer le secteur des taxis. J’ai toujours estimé que si la réforme n’est pas concluante sur l’un ou l’autre point il faut l’ajuster. Les enseignements tirés lors de ces derniers dix-huit mois après l’entrée en vigueur de la loi du 5 juillet 2016 me permettent de tirer un bilan objectif et neutre et d’avancer des pistes concrètes pour faire évoluer l’offre de taxi dans le sens de plus d’attractivité et de qualité tel que souhaité par nos citoyens et milieux professionnels.»

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.