Autotest vum 25. Mäerz 2018Jaguar E-Pace

Jaguar lancéiert säin zweete SUV. Den E-Pace ass technesch e RangeRover Evoque a stilistesch en F-Type. De Serge Pauly huet en am Schnéi zu Nice getest.

Mat SUVs ass et wéi mat Drogen. Jiddwer Autosmarque, déi eng Kéier dru schnoffelt, kënnt net méi dovunner lass. Jaguar ass nach ëmmer high vun den F-Pace-Verkafszuelen, elo wëllen se deen Trip eng Klass drënner widderhuelen. Mam E-Pace.

Deen huet zwee Pappen: technesch ass et e Range Rover Evoque a stilistesch gouf sech virun allem um F-Type orientéiert. Déi kompakt Proportiounen, déi knackeg Ligne sollen un de Sportcoupé erënneren. An effektiv: den E-Pace gesäit méi dynamesch aus wéi säi grousse Brudder.

Den F-Type huet och d’Cockpit spendéiert. Mam Resultat, dass een hei fir e SUV relativ niddereg sëtzt, an dass de ganzen Tableau zimlech op de Chauffer zougeschnidden ass. Do wou den F-Pace e bësse langweileg ass, wierkt dee méi klengen E-Pace banne méi extravagant a méi héichwäerteg, obwuel d’Finitioun nach net grad teutonesche Standarden entsprécht.

Hannen huet een zwar genuch Plaz, mä duerch déi kleng Fënstere fillt een sech ageenkt. Mä fir Oflenkung ass gesuergt... Mir hunn am ganzen zwee Zigarettenanzünder a fënnef USB-Prise gezielt. Zäitgläich kënnen also siwen Apparater geluede ginn. Net nëmme praktesch fir eis Fernsehleit, déi ëmmer iergendeng Batterie luede mussen, mä och fir Familljen, déi mam Auto bis op d’Côte d’Azur fueren, an déi fäerten, dass hir digital Babysitter schonn hannert Metz eidel sinn. Eenzege Problem: zwou Wochen zu fënnef an d’Vakanz, do geet d’Mall net grad duer…

Et kritt een den E-Pace och virgedriwwe mat engem 150-päerdegen Diesel. Mä Dir kennt eis. Mir hunn de P300 geholl, e Bensinner mat 300 Päerd an Allrad. En Zwee-Liter-Turbo-Ingenium-Véierzylinder. Ee Motor, dee sech ganz harmonesch fiert, mä deen sech net no 300  Päerd ufillt, a scho guer net duerno kléngt. Him feelt einfach de Charme vum V6, ass awer grad esou duuschtereg wéi e Groussen.

Soss betount den E-Pace éischter seng sportlech Säit. Bei Audi Q3 oder BMW X1 hunn déi méi talentéiert Fuerwierksvirtuosen Hand ugeluecht, den E-Pace ass net esou geschmeideg. Et gëtt zwar e Confortmodus, mä dat ass éischter eng Verschlëmmbesserung. De Confortgewënn ass nëmme minimal, an et gëtt een am Géigenzuch mat enger latscheger indirekter Lenkung bestrooft. De Sportmodus gefält mir do besser. Et muss een den E-Pace wahrscheinlech esou huelen wéi en ass: e bësse méi haart.

Mir sinn iwwerzeegt, dass et e Bestseller gëtt. Well d’Clientèle am Moment nëmmen nach där Autoen keeft. Well een do esou schéin héich sëtzt an alles gutt am Bléck huet… Wierklech? Mir sinn zu Coursegoules, e klengt Dierfchen um Col de Vence. Wou dës Stroosse gebaut goufen, hu schmuel Päerdskutschen de Moossstaf diktéiert, net modern Autoen wéi den E-Pace. Net, dass deen iwwerdriwwe grouss wier. Mä en ass nawell zimlech oniwwersiichtlech. Et muss een éischter roden, wat ronderëm geschitt, wéi dass ee sécher gesäit, dass et duergeet. An et ass dunn och komm, wéi et komme misst: ech sinn un enger klenger Bordure hänke bliwwen...

Elo wou déi éischt Felge gehimmelt war, hu mir eis dann och an de liichte Terrain getraut. Eppes wat e verstännege Client, dee säin E-Pace selwer bezuelt huet, natierlech ni maache giff. Et ass zwar d’Evoque-Plattform, mä den Allrad-System gouf komplett nei entwéckelt. Déi hënnescht Haldex-Kupplung gouf duerch eng “Rear Differential Box” ersat, déi et erméiglecht, d’Kraaft och zu 100 Prozent op een eenzelt hënnescht Rad ëmzeleeden. Ironescherweis bréngt dat awer éischter eppes op Maccadam, wou den hënneschten Train elo méi dynamesch op Grip-Ennerscheeder reagéiert.

Net nëmmen technesch, och präislech leien Evoque an E-Pace zimlech no beieneen. Fir de klengen Jag-SUV, mam klengen Diesel ouni Allrad, si minimum 35‘000 Euro fälleg, eisen Testauto mam décke Bensinner läit um aneren Enn vun der Präislëscht: 63‘000 (virun Optioune) wann ech glifft. Fir e Premium-SUV, deen net perfekt ass, mä dee virun allem eng ästhetesch Alternativ wëllt sinn.